Victor Tesch

lëtzebuergesch-belsche Jurist, Industriellen, Journalist a Politiker

De Jean-Baptiste Victor Tesch, gebuer den 12. Mäerz 1812 zu Messancy an och do gestuerwen de 16. Juni 1892, war e lëtzebuergesch-belsche Jurist, Industriellen, Journalist a liberale Politiker.

Victor Tesch
Gebuer 10. Mäerz 1812
Miezeg
Gestuerwen 16. Juni 1892
Miezeg
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Affekot, Medienentreprener
Famill
Geschwëster Nicole Tesch, Marie-Rosalie Tesch, Cécile Tesch, Constant Tesch, Adolphe Tesch, Emmanuel Tesch
Le Castel zu Messancy; säin Haus.

De Victor Tesch war de Fils vum Nottär Jean Frédéric Hugo Tesch. Hien huet op der Universitéit Léck Droit studéiert an 1832 als Docteur en Droit ofgeschloss.

Hie war Ufanks Affekot zu Arel, wou hie sech 1834 um Barreau ageschriwwen huet. 1836 huet hien zesumme mat ë. a. dem Emmanuel Servais a Charles Metz d'Zeitung L'Écho du Luxembourg gegrënnt, där hiren eenzege Proprietär hien 1848 gouf. Mat dëser Zeitung huet de Victor Tesch fir d'belsch-lëtzebuergesch Unioun militéiert, eng Lutte déi hien 1839 definitiv verluer huet.

Hie war tëscht 1850 an 1852 an tëscht 1857 an 1865 Justizminister vun der Belsch. Ausserdeem war hie Gemengeconseiller vun Arel, Conseilsmember an der Provënz Lëtzebuerg (1838 bis 1848) an Deputéierte vun de Liberalen am Arrondissement Arel fir d'belscht Parlament (1848-1892).

De Victor Tesch huet sech vun 1846 un fir d'Eisebunnslinn Arel-Bréissel staark gemaach. 1855 koum hien an de Verwaltungsrot vun der Gesellschaft Grand-Luxembourg, déi d'Konzessioun hat fir d'Linn ze bauen. Ënner senger Leedung goufen d'Aarbechte séier virugedriwwen an d'Linn konnt 1858 ageweit ginn.

1856 war de Victor Tesch ee vun de Matgrënner vun der S.A. des mines de Luxembourg et des forges de Sarrebruck. 1868 ass hien ee vun den Direktere vun der Société générale de Belgique ginn. Vun 1878 bis 1892 war hien de Gouverneur vun der SGB. 1871 huet e mam Norbert Metz zesummen d'Metze Schmelz tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng gegrënnt an 1882 d'Société des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange.

Zu Messancy an der Groussgaass huet hie sech 1866 e "Schlass" am Tudor-Stil baue gelooss, dat le Castel oder Château Tesch-Muller genannt gëtt an an deem haut eng Schoul ass.

De Victor Tesch war mat der Marie Caroline Amélie Nothomb bestuet. Si haten dräi Meedercher, wouvun dat eelst, d'Marie, de Schmelzhär Hubert Muller vun Esch-Uelzecht bestuet huet. Hir Sëschter Edmée hirersäits huet den Émile Metz bestuet, de Jong vum Norbert Metz. D'Léonie, genannt "Mina", huet de Léon Barbanson bestuet, deen dem Victor Tesch säi Successeur bei der Société générale de Belgique sollt ginn.

Gielercher[1] änneren

  • Grand Cordon vum Ordre de Léopold
  • Grand- Croix de l'Ordre Royal du Mérite civil de Saxe
  • Grand'Croix de l'Ordre du Christ de Portugal
  • Grand Cordon de l'ordre de la couronne de Prusse
  • Grand Cordon de '’Ordre des S. S. Maurioe et Lazare,
  • Ordre du Medjïdiè de lre classe.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. (fr)Victor Tesch. L'Indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (20. Juni 1892). Gekuckt de(n) 2023-09-01.