Gewerkschaften zu Lëtzebuerg

Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Dësen Artikel befaasst sech mat de Gewerkschaften zu Lëtzebuerg. Fir allgemeng Informatiounen, kuckt: Gewerkschaft.

Geschicht änneren

Déi éischt Lëtzebuerger Gewerkschaft war d'Fédération luxembourgeoise des travailleurs du livre (FLTL). Si gouf den 31. Juli 1864 vum Schrëftsetzer Peter Klein gegrënnt.

Aarbechterbeweegunge sinn zu Lëtzebuerg am Vergläich mat anere Länner relativ spéit entstanen. Dat ass domat z'erkläre well déi schlechtst bezuelt Aarbechten an der Siderurgie an am Biergbau vun auslänneschen Aarbechter, virun allem Italieener, gemaach goufen, déi niddreg Léin akzeptéiert hunn.

Am September 1916 goufen déi éischt Gewerkschafte gegrënnt, de Luxemburger Berg- und Hüttenarbeiterverband (LBHAV) zu Esch an de Luxemburger Metallarbeiterverband (LMAV). De Massestreik deen den 30. Mee 1917 géint de Verfall vun der Kafkraaft a fir eng Unerkennung vun de Gewerkschaften organiséiert gouf hat keen Uklang beim däitsche Patronat. Och wann dëse Streik keen Erfolleg hat goufe weiderhi Manifestatiounen organiséiert. Den Historiker Denis Scuto zielt tëscht Mäerz 1919 a Januar 1921 net manner wei 29 Aarbechtsnidderleeungen[1]. Wéinst weideren Onroue koum et zu enger Neistrukturéierung vun der lëtzebuergescher Gewerkschaftszeen. Déi zwou Stolaarbechtergewerkschaften hu sech am Joer 1920 zum Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband (LBMIAV) zesummegeschloss. Den 2. Januar 1921 huet d'kommunistesch Partei sech vun der Aarbechterpartei getrennt an hir eege Gewerkschaft (FLA) gegrënnt. Den 23. Januar 1921 gouf de Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) vu kathouleschen Aarbechter gegrënnt. Vun do un ass d'Lëtzebuerger Gewerkschaftszeen ideologesch getrennt.

Gewerkschaften an der direkter Nokrichszäit änneren

Wéi an aneren europäesche Länner kann een d'Liewensgefill an der direkter Nokrichszäit zu Lëtzebuerg mat enger gewëssener Apathie charakteriséieren. De Manktem vu Liewensmëttel an Réistoffer huet dofir gesuergt, datt d'Solidaritéit an der Gesellschaft op d'Prouf gestallt gouf a vill Leit sech aus den zivilgesellschaftlechen Organisatiounen zeréckgezunn hunn. Fir sozial Beweegunge war et also och eng schwéier Situatioun, mä gläichzäiteg eng Méiglechkeet fir en neien Ufank. D'Aarbechterbeweegungen an der Nokrichszäit ware virun allem markéiert duerch d'Exiljore vun hire Membere wärend dem Krich. Nenneswäert ass dobäi de Personnage Pierre Krier dee virum Krich als éischte Gewerkschaftler Aarbechtsminister war an als Chef vum Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV) och an der direkter Nokrichszäit eng zentral Roll hat um politeschen a soziale Plang[2].

Den LAV war nom Krich aus dem LBMIAV ervirgaangen. Wat d'Aarbechterbeweegungen ubelaangt war de Plang vun enger Eenheetsgewerkschaft nom Krich net vu laanger Dauer. Aus dem chrëschtleche Milieu koum de Wonsch op, datt et weiderhin eng chrëschtlech Gewerkschaft sollt ginn, a Verhandlungen zu enger Eenheetsgewerkschaft tëscht der LAV an der FLA goufen am August 1945 ofgebrach. Déi zwou gréisst Gewerkschafte waren also den LAV an den LCGB[3].

Dono änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Gewerkschaften zu Lëtzebuerg (Auswiel) änneren

Literatur änneren

  • 75 Joer fräi Gewerkschaften. Contributions à l'histoire du mouvement syndical luxembourgeois - Beiträge zur Geschichte der luxemburgischen Gewerkschaftsbewegung. Esch-sur-Alzette: OGB-L, 1992.
  • Frédéric Krier, Jacques Maas, Arnaud Sauer an Denis Scuto (coord.): 100 Joer fräi Gewerkschaften. OGB-L, Le Phare, 2016.

Referenzen änneren

  1. Scuto, Denis, 1990, Sous le signe de la grande grève de mars 1921. Les années sans pareilles du mouvement ouvrier luxembourgeois (1918-1923, Editpress, Luxembourg ISBN 2-87964-007-5
  2. KAELBLE, Hartmut: Sozialgeschichte Europas. 1945 bis zur Gegenwart, München 2007, S. 299.
  3. PAULY, Michel: Geschichte Luxemburgs. München 2011, S. 87 - 91.