Fëschbech (Miersch)
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fëschbech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Miersch an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
Fëschbech | |
---|---|
Fëschbech vum Bord vum Groebësch aus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Fischbach de: Fischbach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Fëschbech |
Buergermeeschter | Lucien Brosius |
Awunner | 418 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 824,9677 ha[1] |
Héicht | 353 m |
Koordinaten |
49° 44’ 45’’ N 06° 11’ 10’’ O |
D'Uertschaft Fëschbech läit an engem klengen Dall, op enger Héicht vu ronn 300 Meter. D'Koppe ronderëm, déi all iwwer 350 Meter héich sinn, sinn all mat Bëscher bewuess.
Duerch d'Uertschaft leeft d'Wisebaach, eng Niewebaach vun der wäisser Iernz.
Geschichtleches
ännerenD'Origine vun der Uertschaft Fëschbech, an alen Dokumenter och Visbach, Vischebach, Vixebach, Viscebag geschriwwen, ginn de Geschichtsfuerscher no, bis an d'Réimerzäit zeréck. No de Réimer hu sech am 5. Joerhonnert Frankestämm ugesidelt.
Prominent Awunner
ännerenNom Doud vun der Joséphine-Charlotte 2005 an dem Grand-Duc Jean 2019, wunnen den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Ierfgroussherzogin Stéphanie mat hirem Bouf Charel zu Fëschbech am Schlass[2].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass Fëschbech.
Biller
ännerenLiteratur
änneren- Brosius, L., L. Karier & R. Miny, 2014. 100 Joer Pompjeeën an d'Gemeng Fëschbech. 294 S. Dréckerei Faber, Miersch. ISBN 978-99959-0-051-9. (Fëschbech: S. 151-190).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Fëschbech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ (fr)Les résidences | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-10.