Mat Dummeldenger Schmelz kann een zwou Schmelze beschreiwen. Déi éischt war bis an d'19. Joerhonnert am Gréngewald. Déi nei gouf 1865 am Uelzechtdall laanscht d'Eisebunn gebaut.

Al Dummeldenger Schmelz änneren

D'Dummeldenger Schmelz war 1609 déi éischt Schmelz zu Lëtzebuerg mat engem Héichuewen. De louthrengesche Stolhär Jean de Ryaville vu Puttelange war deemools de Bauhär. Si war an enger Schmëdd op der ieweschter Millen zu Dummeldeng, an der Géigend tëscht der Brennerei an dem Parc Hotel.

Den Äerz wouraus d'Eise geschmolt ginn ass koum aus verstengertem Grondwaasserbuedem an ierbesfërmege Steng, Bounäerz, aus der Ëmgéigend. D'Holz fir den Héichuewen ze heizen ass aus dem Gréngewald geholl ginn.

1654, nom Doud vum Jean de Ryaville ass d'Schmelz an de Besëtz vum Thomas Marchant vun Aansebuerg komm. 1681 an 1682 ass de Betrib zwemol kuerz agestallt ginn.

D'Schmelz zu Dummeldeng gouf 1777 vum Charles Joseph Collart kaaft. Si war deemools an engem schlechten Zoustand. D'Erweiderung vun den Installatiounen duerch de Collart gouf awer duerch dat wéinegt Waasser wat hien zur Verfügung hat (en huet Waasser aus e puer Quellen an engem Dëmpel misse sammelen) begrenzt. Den Héichuewen ass no 1815 zougemaach ginn. D'Hummerwierk gouf duerno nach mat Eise vu Fëschbech beliwwert. D'Dummeldenger Schmelz am Gréngewald gouf an den 1840er Jore vum Guillaume Pescatore iwwerholl. Si gouf 1857 zougemaach.

Nei Dummeldenger Schmelz änneren

1865 huet d'Société en commandite des Forges d'Eich, Metz & Cie eng nei Schmelz mat engem Héichuewen zu Dummeldeng, laanscht d'Schinnen ënnen un der Uelzecht, gebaut. Wéi d'Eisebunn net duerch Millebaach, mä duerch den Uelzechtsdall gebaut ginn ass war de Standuert Eech, wou d'Famill Metz virdrun aktiv war, net méi interessant. Zu Dummeldeng stoungen am 19. Joerhonnert bis zu véier Héichiewen déi mat Minett a Kock bedriwwe gi sinn. Vun 1909 bis 1927 huet d'Schmelz den elektresche Stroum un d'Stad Lëtzebuerg geliwwert. D'Dummeldenger Schmelz ass vun 1909 un ob Elektrostoliewen ëmgebaut ginn. 1911 gëtt d'Dummeldenger Schmelz, déi dee Moment dräi Héichiewen a véier elektresch Iewen hat, en Deel vun der neier ARBED.

1915 ass den Institut Emile Metz entstanen, wou vill Schmelzaarbechter ausgebilt si ginn. Haut ass den Institut ee privaten Lycée technique deen nach ëmmer ob handwierklech Beruffer spezialiséiert ass.

D'Héichiewen zu Dummeldeng, déi lescht am Zentrum vum Land, goufen 1927 ausgemaach. Um Site vun der Dummeldenger Schmelz blouwen awer eng Géisserei mat Elektroiewen, an eng Schmëdd. Am Ufank vum 21. Joerhonnert sinn d'mechanesch Ateliere vun der ARBED, déi zanter 1980 ënner dem Numm MecanARBED schaffen, déi lescht industriell Aktivitéiten zu Dummeldeng. Am Joer 2003 huet d'MecanARBED och d'Ateliere vu Paul Wurth S.A. iwwerhol.

De Site vun der Dummeldenger Schmelz gehéiert zu deenen Industrie-Frischen déi am Ufank vum 21. Joerhonnert zu neien Zwecker benotzt solle ginn.

Kuckt och änneren