D'Division Anti-Crise (DAC) war eng Initiativ, déi am Oktober 1975 vun de lëtzebuergesche Stolentreprisen, Arbed an MMRA gegrënnt gouf, fir déi Aarbechter, déi während der Stolkris net mei am Secteur gebraucht goufen, ënnerzebréngen.

Geschicht vun der DAC

änneren

D'Initiativ hat als Zil, d'Léit iwwer Formatiounen an och Ëmschoulungen, op neien Aarbechtsplazen ënnerzebréngen. Domat sollt och de Staat entlaascht ginn, deen zu engem groussen Deel de finanzielle Volet, dee mat der DAC verbonne war, ofgedeckt huet. Weiderhi gouf mat der DAC och eng Massenaaarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg verhënnert.

Déi Aarbechter, déi net direkt eng nei Aarbechtsplaz kruten, ware verflicht opgrond vum Gesetz Travaux extraordinnaires d'intérêt général ("Noutstandsgesetz"), vum 26. August 1975[1], fir gemengnëtzeg Aarbechten ze maachen, wéi beispillsweis am Stroossen- a Bréckebau oder och nach Botzaarbechten z.B. op de Waasserleef, a Bëscher, laanscht Wanderweeër, etc.[2]

D'Moossname fir d'Stolindustrie z'ënnerstëtzen hunn awer net am erhofften Ëmfang gegraff. Zwee Joer nodeems d'DAC lancéiert gouf louch d'Zuel vun de Persounen, déi an der DAC ageschriwwe waren, bei ronn 2.700. Déi Zuel ass an de Joren dono, an och wärend dem Néiergank vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg an den 1980er Jore weider geklomm. Déi héchst Zuel gouf 1983, mat 3.600 Leit, erreecht[3].

Tëscht 1976 an 1982 huet d'DAC d'Stolentreprisë 5,1 Milliarde Frang kascht, wouvunner de Staat der 1,6 Milliarde am Kader vum Gesetz iwwert d' Travaux extraordinnaires d'intérêt général ("Noutstandsaarbechten") iwwerholl huet, andeems en d'Leit agesat huet, fir gemengnëtzeg Aarbechte ze maachen.

Kriticken un der DAC an d'Enn vun der Initiativ

änneren

Obwuel d'DAC als "Entlaaschtung" geduecht war, koume relativ séier nodeems d'Initiativ an d'Liewe geruff gouf, d'Kriticken op, déi de Patrone virgehäit hunn, d'DAC ze mëssbrauchen, andeems Leit do placéiert goufen, déi weiderhin hirer normaler Aarbecht nogaange sinn. Dat huet dozou gefouert, dass virun allem an den 1980er Joren, wou d'Stolindustrie fundamental changéiert huet, ëffentlech d'Fro opgeworf gouf, ob d'DAC nach zäitgeméiss wier, oder ob aner Mesurë op de Wee misste bruecht ginn, fir d'Aarbechter z'ënnerstëtzen, déi an der Stolindustrie net méi gebraucht goufen.[4]

Verbonne mat den Diskussiounen ëm d'Reorganisatioun vun der DAC war och d'Diskussioun wéi eng Leit an d'DAC sollten ageschriwwe ginn: Laut den offizielle Statistiken an och Zeitungsartikele goufe Betribsintern "Consignen" erausginn, an deene recommandéiert gouf, méi jonk Leit an d'DAC ze schécken, an dat méi aalt Personal, dat kuerz virun der Pensioun stoung, ze behalen, virun allem, well et fir Leit iwwer 50 Joer immens schwiereg war, fir eng nei Aarbechtsplaz ze fannen an aus dem Programm vun der DAC erauszekommen.[4]

Op Basis vun den Erfarungen, déi mat der DAC gesammelt goufen, goufen zu Lëtzebuerg Enn der 1980er Joren komplex an ëmfaassend Programmer entwéckelt, fir Persounen déi an de Chômage geschéckt goufen "opzefänken" a se bei der Sich no enger neier Aarbechtsplaz, virun allem am Privatsecteur z'ënnerstëtzen. D'Initiativ DAC ass ëm 1985 op en Enn gaangen.[5]

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. Règlement grand-ducal du 26 août 1975 déterminant les conditions et les modalités de contrats d'exécution de travaux extraoridnaires d'intérêt général op legilux.punlic.lu.
  2. o.A: Stahlindustrie, 3 Mia. für die Sicherung von 16.500 Arbeitsplätzen. in: Revue (Jg.34, No.12)(24.03.1979), p.10 [digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik].
  3. o.A: Geordneter Rückzug? Die ARBED-Rettungsaktion geht von realisitischen Annahmen aus. in: d'Letzeburger Land, Jg.30, No.14, 08.04.198),p.3.
  4. 4,0 4,1 o.A: Division Anti-Crise... wie lange noch? in: Luxemburger Wort, Jg.133, No.269 (21.11.1980), p.23.
  5. o.A: Schon bald keine DAC mehr? in: Revue, Jg.41, No.43, 24.10.1985, p.9.