Albert Calmes
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Albert Calmes, gebuer de 26. Februar 1881 zu Paräis, a gestuerwen den 22. September 1967 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ekonomist an Historiker.
Albert Calmes | |
---|---|
Gebuertsnumm | Albert Théodore Calmes |
Gebuer |
26. Februar 1881 Paräis |
Gestuerwen |
22. September 1967 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Ekonomist, Banquier, Universitéitsprofesser |
Famill | |
Bestuet mat | Jeanne Reuter |
Kanner | Christian Calmes |
Hie war ee vun den éischten, déi mat engem Doktertitel an der Ekonomie vun der Universitéit op Lëtzebuerg heemkomm sinn. Virdrun hat hien op Unien an der Schwäiz an an Däitschland enseignéiert. Hie gouf Direkter bei der Arbed a krut den Titel Ministre plénipotentiaire honoraire fir verschidden diplomatesch Déngschter, ë. a. bei der Unesco.
Als Historiker huet den Albert Calmes sech besonnesch mat der Geschicht vu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert befaasst. Hie war vun 1949 un den éischte President vun der lëtzebuergescher Unesco-Kommissioun, nodeems Lëtzebuerg zwee Joer virdrun der Unesco bäigetruede war.
Hie war bestuet mat der Jeanne Reuter an de Papp vun ë. a. dem Christian Calmes.
Säi Wierk
änneren- Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg a 5 Bänn:
- Bd. I - Naissance et débuts du Grand-Duché (1814-1830); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1971 (= nei Versioun vun engem éischte Wierk, dat 1932 zu Bréissel publizéiert gi war; erausgi vum Christian Calmes); 569 S.
- Bd. II - Le Grand-Duché de Luxembourg dans la Révolution belge (1830-1839); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1982 (Neioplo; 1. Oplo = Bréissel, 1939); 423 S.
- Bd. III - La restauration de Guillaume Ier, roi des Pays-Bas - L'ère Hassenpflug (1839-1840); Bréissel (L'Édition universelle) & Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1947; 424 S.
- Bd. IV - La création d'un État (1841-1847); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1983 (Neioplo; 1. Oplo = 1954); 473 S.
- Bd. V - La Révolution de 1848 au Luxembourg; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1982 (Neioplo; 1. Oplo = 1957); 301 S.
- N.B.: De Christian Calmes huet dës Serie méi spéit mat 4 Bänn (Bd. 7, Bd. 8, Bd. 10 a Bd. 11) fortgesat. Säi Bd. 12 (1815-1989) ass eigentlech als "hors série" ze betruechten. An d'Bänn 6 a 9 sinn ni geschriwwe ginn. Kuckt wgl. ënner Christian Calmes!
- Au fil de l'histoire (3 Bänn vum Albert Calmes; d'Serie ass duerno vum Christian Calmes fortgesat ginn):
- Bd. I - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1968 (Neioplo 1979); 286 S.
- Bd. II - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1988 (= 3. Oplo); 305 S.
- Bd. III (mam Christian Calmes)- Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1972 (= 2. Oplo); 273 S.
- Das Geldsystem des Grossherzogtums Luxemburg; Leipzig, 1907.
- La comptabilité industrielle, Payot, Paräis, 1922.
- Der Zollanschluss des Grossherzogtums Luxemburg an Deutschland; 2 Bänn, Lëtzebuerg, Drock Joseph Beffort, 1919:
- Bd. I - Der Eintritt Luxemburgs in den Deutschen Zollverein (1839 -1842);
- Bd. II - Die Fortdauer des Anschlusses und seine Lösung (1842-1918).
Literatur
änneren- Jacques Maas, La révolution de 1848 n'a pas eu lieu - L'historiographie de tradition orangiste et l'oeuvre d'Albert Calmes; in: forum (Lëtzebuerg), Nr. 185 (Juli 1998), Ss. 52-53.
Unerkennung
ännerenNom Albert Calmes ass eng Strooss um Zens an der Stad Lëtzebuerg genannt ginn Rue Albert-Calmes); se geet als Sakgaass vun der Tréierer Strooss fort.
- Grand croix vum Ordre de Léopold II (Promotioun 1950)[2]
- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1960)[3]
- Grand-Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand-Croix vum Ordre de la Couronne de Belgique
- Grand officier vum Ordre d'Orange-Nassau (Promotioun 1948)[4]
- Officier de la Légion d'honneur
Referenzen
änneren- ↑ Doudesannonce vum Albert Calmes am Luxemburger Wort vum 25. September 1967 op der Säit 14 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 1. November 2022
- ↑ Bulletin d'information vum Service Information et Presse vum 31 Juli 1950 Distinctions honorifiques op der Säit 26
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960 Archivéiert de(n) 21.04.2014. Gekuckt de(n) 30.12.2012.
- ↑ (de)Hohe Auszeichnungen. Obermoselzeitung. eluxemburgensia.lu (2. Februar 1948). Gekuckt de(n) 24.01.2023.