De Charles Collart, gebuer den 12. Februar 1829 zu Dummeldeng, gestuerwen de 15. Juni 1910, war Schmelzhär zu Dummeldeng.[2] Hien huet am Dummeldenger Schlass gelieft.

Charles Collart
Gebuer 12. Februar 1829
Gestuerwen 15. Juni 1910
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schmelzhär
Famill
Papp Charles Joseph Collart
Geschwëster Jules Collart
Seng Grafplack[1] um Kierfecht zu Weimeschkierch.

Hie war Schäffe vun der Gemeng Eech a spéider Deputéierten an der Chamber.

Mat sengem klenge Brudder Jules huet hien d'Gesellschaft Charles & Jules Collart gegrënnt, déi 1856 d'Stengeforter Schmelz iwwerholl huet. D'Gesellschaft huet och Minièren zu Esch-Uelzecht exploitéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Al Schmelz.

De 17. Mee 1854 gouf hien zu Walfer mat der Henriette d'Anethan (1832-1908) bestuet.

1872 huet de Charles Collart mat sengem Brudder d'Société Anonyme des Hauts-Fourneaux de Rodange matgegrënnt. 1884 war hie President vum Verwaltungsrot.

No sengem Doud gouf d'Gesellschaft a Jules Collart & Cie ëmbenannt.

Seng Eltere waren de Jean Carl Joseph Collart (1775-1841) an d'Anne-Marie Laval (1801-1882).

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Wou hien da Charles-Joseph heescht...
  2. "Né le 12 février 1829 - Dommeldange (Gd-Duché-du-Luxembourg) / Décédé le 15 juin 1910, à l'âge de 81 ans / Maitre de forges au Luxembourg / Parents: Charles-Joseph COLLART de DOMMELDANGE 1775-1841 & Anne-Marie LAVAL 1801-1882 / Marié le 17 mai 1854, Walferdange (Gd-Duché-du-Luxembourg), avec Henriette d'ANETHAN 1832-1908" Text vu geneanet.org