Mëttelalterlech Schmelz am Jeneeserbësch

Jeneeserbësch oder Grouss Jeneeserbëscher (beim Kadaster: Jenéserbëscher; fréier Schreifform: Genoeserbusch) ass e Flouernumm am Süde vun der Gemeng Réiser, op der franséischer Grenz.

Do goufen am Joer 2000 archeologesch Reschter vun enger Schmelz aus dem 13./14. Joerhonnert entdeckt, déi an den 2000er Joren ausgegruewen an ausgewäert goufen. Et ass déi gréisst bis ewell entdeckt Plaz vun Eisegewënnung aus dem Mëttelalter a Mëtteleuropa.

D'Areal vu ronn 2000 bestoung aus am Ganze 6 Iewen, 2 Aushëtziewen, 3 Kéip wou d'Boun- an d'Wisenäerz stockéiert gouf, a 4 Tippe fir d'Schlaken (eng 21 Tonnen). Ausserdeem gouf Schaffgeschier, wéi och Aulegeschier wéi Kréi, Dëppen, Schosselen a Bechere fonnt.[1]

Literatur änneren

Michael Overbeck: Genoeserbusch: Zu den Wurzeln der Einsenindustrie in Luxemburg. Herausgegeben für das Musée rural et des calèches Peppange, 2008.

Referenzen änneren

  1. Overbeck, S.38-39.