Auguste Metz

lëtzebuergesche Politiker


Den Auguste Metz, gebuer den 8. August 1812 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Juni 1854 zu Eech, war de jéngste vun den 3 Metz-Bridder: Charles, Norbert an Auguste.

Auguste Metz
Gebuer 8. August 1812
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Juni 1854
Eech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Bestuet mat Petronella Laeis
Geschwëster Charles Metz, Norbert Metz
Kanner Léon Metz

Den Auguste Metz war, wéi säi Brudder Charles, Docteur en Droit a Member vun der Chamber. Hie gëtt als de wierkleche Grënner vun der moderner Lëtzebuerger Siderurgie ugekuckt. Bescheiden huet hien 1837 mat senge Bridder ugefaangen, wéi en d'Gebaier vun der Berbuerger Schmelz gelount huet. Nëmme 15 Joer méi spéit ware vun den 11 Héichiewen am Land 7 zu Berbuerg a Betrib. Hien ass fréi gestuerwen (1854) a konnt säi Wierk net op en Enn féieren.

Den Auguste Metz huet sech 1841 mat der Duechter vum Ernest Dominique Laeis, der Petronella Laeis bestuet. Hien ass de Papp vum Léon Metz.

Literatur änneren

  • Anonym, 1854. [Noruff]. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg 1854-06-24: 1-2, N° 50 (Luxembourg, 24 juin).[1]
  • Mersch, J., 1963. Les Metz, la dynastie du fer. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 12, S. 311-605 (Jean-Antoine-Auguste Metz, le maître de forges, tenace comme son fer, S. 549-570). [2]
  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. J. Joris, Luxembourg, 490+XXXI+XII S. (Jean-Antoine-Auguste Metz, S. 304-307).
  • Weber, P., 1950. Histoire de l'économie luxembourgeoise. Imprimerie Victor Buck, Luxembourg, 431 S.