Stengefort
lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Stengefort
Stengefort ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Capellen an Haaptuert vun der Gemeng Stengefort.
Stengefort | |
---|---|
Stengefort aus der Loft | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Steinfort de: Steinfort |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Stengefort |
Buergermeeschter | Sammy Wagner (LSAP) |
Awunner | 2298 |
2011 | |
Héicht | 307 m |
Koordinaten |
49° 39’ 36’’ N 05° 54’ 56’’ O |
Geographie änneren
Stengefort läit am Weste vu Lëtzebuerg op der belscher Grenz. Duerch Stengefort leeft d'Äisch déi sech do hire Laf an de Lëtzebuerger Sandstee gewullt huet. Den ale Kär vum Duerf läit am Dall, awer am Laf vun der Zäit ass och bis op d'Koppe ronderëm gebaut ginn. Duerch Stengefort leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
Bis 1967 hat Stengefort eng Gare op der Atertlinn.
Nopeschuertschaften änneren
Zu Lëtzebuerg änneren
An der Belsch änneren
Kuckeswäertes änneren
- De Centre culturel Al Schmelz
- Den Informatiounszenter (Centre d'accueil) Mirador vun der Naturverwaltung an der aler Schmelz
- De Waassertuerm um Kinneksbierg
- De Stengeforter Stauweier
- De Kloterpark Steinfort Adventure
Literatur änneren
- Thill, Norbert, Flammang, Jean-Jacques in Heimat und Mission, Abrëll 2010, Aus der Geschichte der Ortschaft Steinfort
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Stengefort – Biller, Videoen oder Audiodateien |