Haaptmenü opmaachen
D'Schmelz (ëm 1909)

D'Rëmelenger Schmelz war vun 1872 bis 1919 a Betrib, si stoung tëscht Rëmeleng an Téiteng südlech vum Schlakentipp do wou haut den Depot vum Poeckes an d'Kontruktiounshale vum Konstruktiounsatelier Vossloh Cogifer Kihn sinn, deenen hiert Verwaltungsgebai an der fréierer Kantin vun der Schmelz ass.

Inhaltsverzeechnes

Besëtzverhältnesser am Laf vun der ZäitÄnneren

Et war d'Initiativ vun der Aktiegesellschaft Gonner, Munier, Helson & Cie[1] fir zu Rëmeleng eng Schmelz ze bauen. 1872 huet en éischten Héichuewen de Betrib opgeholl.

Wéi d'Schmelz 1881 an de Besëtz vun der Rü­melinger und Oettinger Hochofen- und Eisenwerkgesell­schaft Antoine Pescatore Louis Zoude & Cie iwwergaange war, do koumen zwee weider Héichiewen derbäi.

Wéinst der Faillite 1886/87 vun der Bank Fehlen ass och d'Antoine Pescatore Louis Zoude & Cie Faillite gaangen, an d'Schmelz gouf 1888 vun der Hauts-Fourneaux de Rumelange iwwerholl. Dës Gesellschaft huet sech 1905 no der Fusioun mat der saarlännescher St. Ingbert Société anonyme des Hauts fourneaux et Aciéries de Rumelange St.Ingbert genannt.

1911 ass d'Schmelz un d'Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG gaangen, där hire Besëtz 1919 nom Éischte Weltkrich vun der HADIR iwwerholl gouf.

Betrib vun der SchmelzÄnneren

D'Rëmelenger Schmelz krut hir Minett vum Huttbierg, déi vun 1882 un iwwer d'Seelbunn Huttbierg-Rëmeleng direkt an den Héichuewe gaangen ass. Donieft koum ë. a. och nach Minett vun de Minièrë Kierchbierg, Paartegrond, Wuedert, Lannebierg, Tëtelbierg (Rolleng), Buschenthal (Uewerkuer) an Tennesgrëndchen (Déifferdeng).

Tëscht 1900 an 1910 war d'Héichzäit vun der Rëmelenger Schmelz. 14 mächteg Cowper hunn d'Loft fir déi dräi Héichiewen erhëtzt.

1918 kuerz nom Éischte Weltkrich war d'Feier aus an deenen dräi Héichiewen. Well d'Schmelz mat just 150 Tonne Réigoss pro Dag net rentabel genuch war, a well och net genuch Plaz war fir se weider auszebauen, do gouf se 1921 definitiv zougemaach. D'Ofbrochaarbechten hunn nach bis uganks der 1950er Jore gedauert.

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Gesetz vum 7. Juli 1874, wouduerch de Kontrakt vum 7. Mee 1874 iwwer d'Konzessioun vun Äerzlännereien zougonschte vu Lëtzebuerger Héichiewen autoriséiert gëtt