D'Berbuerger Schmelz op der Sir an der Gemeng Manternach war am spéiden 18. a fréien 19. Joerhonnert eng traditionell Schmëdd a Schmelz zu Lëtzebuerg. Der Berbuerger Schmelz hir Bedeitung louch ënner anerem doran, datt d'Bridder Metz vun do aus am 19. Joerhonnert déi wichtegst Schmelzhären zu Lëtzebuerg goufen.

D'Schmelz gouf 1755 vum Här vu Berbuerg, dem Jean Philippe Baron d'Arnould et de Soleuvre, gegrënnt. Si gouf duerno vum Léopold Joseph Fabert vun Nanzeg iwwerholl an 1806 ëm eng Eisespléckerei um Site « Les Rochers » erweidert.

1816 huet den Industrielle Jean-Nicolas Collart d'Schmelz kaaft a weider bedriwwen. D'Eisespléckerei goung dat selwecht Joer ausser Betrib. D'Eise gouf elo a Walzwierker weiderverschafft. 1837 huet de Collart déi fréier Eisespléckerei un de Jacques Lamort verkaaft, deen ob där Plaz eng Pabeiersfabrick gebaut huet.

D'Schmelz selwer huet de Jean-Nicolas Collart am Krisejoer 1837 un d'Bridder Metz verpacht a si ass vun 1838 u vun der Société en commandite Auguste Metz & Cie bedriwwe ginn. 1842 huet den Héichuewe vun der Berbuerger Schmelz 700 Tonne Goss produzéiert, op eng Gesamtproduktioun am Land vu 7.300 Tonnen.

Wéi all d'Schmelze virun 1850 huet och déi Berbuerger Bounenäerz an Holz respektiv Holzkuele verschafft. Den Auguste Metz huet allerdéngs zu Berbuerg déi éischt Versich gemaach fir Minett am Héichuewen ze reduzéieren.

De Pachtvertrag gouf 1859 tëscht dem Norbert Metz an dem Charles a Jules Collart erneiert. Enn der 1860er Jore gouf d'Berbuerger Schmelz zougemaach. D'Bridder Metz hate schonn 1845 zu Eech eng méi modern Schmelz, déi mat Kock a Minett bedriwwe gouf, gebaut.

Am Oktober 2022 goufe bei Baggeraarbechten um Site vun der fréierer Cité Syrdall méiglech Iwwerreschter vun der fréierer Schmelz fonnt.[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Volker Bingenheimer, Gelände der Cité Syrdall in Wecker, Arbeiter entdeckt möglichen Rest von frühem Hüttenwerk, wort.lu [€], 5. November 2022