Dominique Brasseur

(Virugeleet vu(n) Dominique-Alexis Brasseur)
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Affekot a Politiker Alexis Brasseur. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Alexis Brasseur.

Den Dominique (genannt Alexis ) Brasseur, gebuer de 14. Juni 1833 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen de 17. November 1906 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.

Dominique Brasseur
Alexis Brasseur-101.jpg
Gebuertsnumm Dominique-Alexis Brasseur
Gebuer 14. Juni 1833
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 17. November 1906
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Geschwëster Pierre Brasseur (Industriellen), Hubert Brasseur (1823)
Kanner Alexis Brasseur, Robert Brasseur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hie war vun 1866 bis 1899 Deputéierten an der Chamber. Vun 1891 (Nominatioun: 27. Januar 1891)[2] bis 1894 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Duerno war e bis 1899 do am Gemengerot.

Den Dominique Alexis Brasseur war Matgrënner vun enger Rëtsch Schmelzen, dorënner d'Société des Hauts Fourneaux Luxembourgeois zu Esch-Uelzecht.

Hie war de Jong vum Dierwiechter Alexis Brasseur (1775-1841) an deem senger Fra aus zweetem Bestietnes, der Marie-Anne Schockmel (1794 - 1873). Hie war mat der Constance Brasseur bestuet, der Duechter vu sengem Hallefbrudder Jean-Baptiste. Den Alexis an de Robert Brasseur ware seng Jongen.

LiteraturÄnneren

  • Mersch, Jules, Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 19, S.77 - S. 93
  • Arendt, Karl. Advokat Dominik Alxis Brasseur. S. 70 In: Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss, 1908.- IVter Band.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren


Virgänger:
Emmanuel Servais
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1891 - 1894
Nofollger:
Émile Mousel

ReferenzenÄnneren

  1. Nécrologie publizéiert am Luxemburger Wort vum 19. November 1906
  2. Arrêté grand-ducal publizéiert am Mémorial N° 7 vum 27. Januar 1891, S. 117