Haaptmenü opmaachen
Kaart vun den Ëttenger Konzessiounen (1940)

Et gouf véier Minièren zu Ëtteng:

Inhaltsverzeechnes

Ëtteng IÄnneren

Tëscht 1897 an 1900 gouf de Schacht vun Ëtteng I gegruewen.

Si huet zesumme mat Ëtteng III deemselwechte Concessionnaire gehéiert, deen och eng eege Schmelz bedriwwen huet (zum Schluss war dat d'Hadir, respektiv vun 1967 un d'Arbed), sou datt de Profit net op der Minett mä eréischt ganz um Enn vun der Wäertschëpfung beim Stol gemaach gouf. Doduerch hat d'Rentabilitéit vun deenen zwou Grouwe selwer manner Prioritéit, a si konnte 5 Joer méi laang duerhale wéi Ëtteng II.

1971 war awer och hei Schicht am Schacht.

Ëtteng IIÄnneren

 
En Agank vun der Minière Ëtteng II

D'Grouf Ëtteng II ass zanter 1916 duerch e Schacht erreecht ginn, an 1928 koum nach eng Gefällstreck vun 900 m an 8 % dobäi. D'Konzessioun huet 168 ha ëmfaasst.

Et war eng mine marchande, déi hir Minett u verschidde Schmelzhäre verkaaft huet, an dofir ganz ofhängeg vum Präis fir d'Minett war deen de Marché hierginn huet. Zesumme mat där Minett déi iwwer d'Seelbunn vu Rochonvillers hierkoum goung alles wat hei aus dem Buedem geholl gouf iwwer d'Industriegleis Rëmeleng-Boulange iwwer d'Rëmelenger Gare an d'Schmelze vu Rodange an Athus gefouert. Iwwer d'Gare vu Boulange gouf et en Uschloss un d'Streck Fensch - Däitsch-Oth an domat un de Rescht vum franséischen Netz.

Si gouf den 30. Juni 1966 zougemaach.

Ëtteng IIIÄnneren

1908 huet d'Exploitatioun vun der Konzessioun Ëtteng III ugefaangen.

1912 sinn Ëtteng I an III duerch eng Seelbunn vun 12 km Längt mat der Déifferdenger Schmelz verbonne ginn. Souguer vum Rëmelenger Hutbierg aus ass spéider iwwer en Tunnel an de Laangegronn an dann duerch d'Konzessioun Laangegronn d'Eisenäerz heihi bei d'Seelbunn bruecht ginn. Uganks gouf d'Minett duerch de Schacht vun Ëtteng III erop bei d'Siloe vun der Seelbunn geholl, duerno war um Niveau vun där Groer e Concasseur vun deem aus e Fërderband se aus der Grouf bruecht huet.

Donieft gouf et nach en Agank fir d'Material, dee ganz apaart iwwer eng Streck an Aachtchensform erofgefouert huet. An d'Personal ass duerch de Personalagank vun Ëtteng I eragaaangen.

1971 gouf d'Grouf zougemaach.

Minière AachenÄnneren

Zanter 1908 gouf dës Konzessioun vun 43,3 ha exploitéiert, als Deel vun der ursprénglecher Konzessioun Sterkrade. Si konnt just vu Lëtzebuerger Säit aus erreecht ginn, iwwer d'Minière Steebierg. Bis zu honnert Biergaarbechter hunn hei geschafft.

Besëtzer waren noeneen:

Am Dezember 1963 huet si hir Dieren zoumaache missen.

Um SpaweckÄnneren