Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange

D'Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange gouf den 12. Mäerz 1896 vun enger Grupp Persoune ronderëm de Paul Wurth, Alexandre de Gerlache, Charles Bettendorf, Alexis Brasseur an de Bridder Michel a Pierre Funck, duerch en Akt vum Déifferdenger Nottär Edouard Noppeney zu Lëtzebuerg, gegrënnt.[1],[2]

Am Juli 1898 gouf op Initiativ vum Paul Wurth dem Henri Grey säi Patent kaaft fir d'Walze vu speziellen Duebel-T-Trägeren déi spéider als Grey-Träger bekannt goufen an d'Produktioun huet 1901 ugefaangen.[3],[4]

Si huet 1899 mat de Kuelegrouwen Dannenbaum vu Laer fusionéiert, fir den Energiezougank ze sécheren an z'integréieren. Dobäi gouf den Numm a Société anonyme des hauts fourneaux, forges et charbonnages de Differdange-Dannenbaum. ëmbenannt.[5] Mä schonn 1901 ass d'Entreprise an eng finanziell Noutlag gerutscht an huet Faillite gemaach. D'Berliner Bank huet dat Ganzt opkaf. Dobäi gouf och den Numm geännert: Bis 1920 huet d'Déifferdenger Schmelz Deutsch-luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG geheescht.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Mémorial A N° 29 vum 19. Mee 1896
  2. Lokal-Nachrichten am Escher Courrier vum 18. Mäerz 1896, Säit 2
  3. L'épopée de la poutrelle Grey
  4. Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 15 - S. 349
  5. Mémorial A N° 65 vum 29. Dezember 1899