Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Ërennerungsplack un do gefale Spahis un der Nikloskierch Lampech 49° 33’ 30.04’’ N
      5° 58’ 46.05’’ O
Monument aux morts Kapell Place des Martyrs,
direkt nieft der Kierch
Leideleng 1948 49° 34’ 03.2’’ N
      6° 03’ 50.6’’ O
Monument fir 2 G.I. an zivill Affer um Marjaashaff,

direkt nieft der Kapell

Léifreg 49° 54’ 33.6’’ N
      5° 52’ 34.3’’ O
Monument aux morts:
A NOS MORTS
1940 - 1945
Bei der Kierch Léiler 50° 07’ 30.2’’ N
      06° 6’ 41.9’’ O
Erënnerungsmonument fir d'US Alliéiert:
Sie hann ais d'Fraiheet rembreit.
In honor to the 712th US tank batallion and the 90th US Infantry division liberating units of Lieler on January 26th 1945 and to the 28th and 8th US Infantry divisions 1944
Kräizung:
Haaptstrooss - An der Baach
Léiler 27. Sept. 1982 50° 07’ 29.5’’ N
      06° 6’ 39.1’’ O
Erënnerungspack fir de Lt. Ray Griffin Léiler
US-Monument Um CR334 Lëllgen
Monument aux morts:
A ceux qui sont morts pour que nous vivions libres et en paix 1940-1945. La commune reconnaissante. - 1939 centenaire de l'indépendance nationale, 1940 deuxième guerre mondiale, 1945 libération de la patrie, 1950 millénaire de cette église.
un der Kierch Lenneng 1950 49° 36’ 02.4’’ N
      6° 22’ 03.1’’ O
Erënnerungsplack am Kolléisch Préau vum Kolléisch Lëtzebuerg-Belair
Monument aux morts Monumental Pietà an der Kierch Lëtzebuerg-Bouneweg
Erënnerungsplack un d'Grënnung vun der Unio'n 121, Bounewegerstrooss Lëtzebuerg-Bouneweg 2011 49° 35’ 51.07’’ N
      06° 08’ 17.23’’ O
Monument:
Gestuerwen fir d'Hemecht an durch de Krich
1940 -1945
beim CFL's Atelier ënner der Foussgängerbréck; gouf ewechgeholl wéi d'Atelieren 2017 ofgerappt goufen Lëtzebuerg-Bouneweg 49° 36’ 2.05’’ N
      06° 08’ 11.35’’ O
Monument aux morts Bouneweg
Sarkophag: A NOS MORTS, VICTIMES DES DEUX GUERRES, 1914-1918, 1939-1945, a 17 Placke mat den Nimm vun de Krichsaffer.
Zousätzlech e separat Monument fir d'Affer vum éischte Weltkrich.
um Bouneweger Kierfecht nieft der Morgue Lëtzebuerg-Bouneweg 1957 49° 35’ 36.71’’ N
      06° 08’ 28.64’’ O
Monument aux morts Clausen Op der Place Émile Mousel, der klenger Parkplaz tëscht den zwou Uelzechtbrécken Lëtzebuerg-Clausen 1951 49° 36’ 48.02’’ N
      06° 08’ 37.47’’ O
Monument aux morts Gaasperech:
Gestuerwen fir d'Heemecht
1940 - 1945
Nieft der Kierch Lëtzebuerg-Gaasperech 1956 49° 35’ 29.5’’ N
      06° 07’ 22.5’’ O
Monument aux morts am Gebai vun der Gare Lëtzebuerg Lëtzebuerg-Gare 9. Mee 1948[1]
Erënnerungsplack un déi jiddesch Deportatioun am Gebai vun der Gare Lëtzebuerg Lëtzebuerg-Gare 17. Juni 2018
Gedenkplack fir d'Lëtzebuerger Fraen am Reichsarbeitsdienst am Gebai vun der Gare Lëtzebuerg Lëtzebuerg-Gare 18. Oktober 2020
Erënnerungsplack un de Generol Bradley um Gebai vun der Spuerkeess, Nei Avenue, Eck Metzer Plaz Lëtzebuerg-Gare 49° 36’ 25.25’’ N
      6° 7’ 40.75’’ E
Borne vun der Voie de la Liberté virum Hotel Alfa, Place de Gare Lëtzebuerg-Gare 49° 36’ 02.05’’ N
      06° 07’ 59.89’’ O
Borne vun der Voie de la Liberté virun der Spuerkeess, um Eck Al Avenue / Nei Avenue Lëtzebuerg-Gare 49° 36’ 04.93’’ N
      06° 07’ 59.19’’ O
Erënnerungsplack un déi 3.500 Patrioten, déi ënner der Occupatioun
am Grënner Prisong gelidden hunn
Un der Fass vum fréiere Prisong, dem haitege CCRN Lëtzebuerg-Gronn 49° 36’ 37.13’’ N
      06° 08’ 10.20’’ O
3 Erënnerungsplacke virun der Villa Pauly 57, Boulevard de la Pétrusse
riets a lénks vun der Entrée.
Lëtzebuerg-Gare 1.: 1984
2.: 2011
3.: 2016
49° 36’ 22’’ N
      06° 07’ 30’’ O


Dwight-D.-Eisenhower-Monument Allée Dwight D. Eisenhower, beim Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm Lëtzebuerg-Hamm 1990 49° 36’ 48.11’’ N
      06° 11’ 15.41’’ O
Monument aux morts Hollerech Foussgängerwee tëscht
Escher Strooss an Emile-Lavandier-Str.
Lëtzebuerg-Hollerech 1965
Monument de la déportation civile et militaire fréier Hollerecher Gare Lëtzebuerg-Hollerech 1975
Erënnerungsplack Quai des déportés fréier Hollerecher Gare Lëtzebuerg-Hollerech
Royal Air Force Griewer zu Hollerech Hollerecher Kierfecht Lëtzebuerg-Hollerech
Hinzerter Kräiz Nikloskierfecht Lëtzebuerg-Lampertsbierg 1946
(Kräiz
1969
(Plaz a Statu)
49° 36’ 54.3’’ N
      06° 07’ 10.1’’ O
Monument aux morts Lampertsbierg bei der Jousef-Kierch Lëtzebuerg-Lampertsbierg 9. Mee 1954 49° 37’ 15.6’’ N
      06° 07’ 16.5’’ O
Monument aux morts um jiddesche Kierfecht Belle-Vue Lëtzebuerg-Lampertsbierg 10. Oktober 1954 49° 37’ 17.2’’ N
      06° 07’ 40.5’’ O
Gedenkplack un d'Zwangsrekrutéierung um Lampertsbierg Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg Lëtzebuerg-Lampertsbierg 30. August 2012
Maquisarde-Monument Lëtzebuerg Beim Nikloskierfecht Lëtzebuerg-Lampertsbierg 6. Juni 1994 49° 36’ 57.6’’ N
      06° 07’ 15.9’’ O
Monument Ghost Army 162a, Avenue de la Faïencerie Lëtzebuerg-Lampertsbierg 9. September 2023 49|36 06|07 E}
Monument aux morts Märeler Kierch Lëtzebuerg-Märel
Monument aux morts Neiduerf nieft der Neiduerfer Kierch Lëtzebuerg-Neiduerf ëm 1952
Erënnerungsplack un d'Grënnung vum Letzeburger Freihétsbond um Monument aux Morts, nieft der Neiduerfer Kierch Lëtzebuerg-Neiduerf 12. Mäerz 1987
Erënnerungsplack Pafendaller Kierch Pafendaller Kierch Lëtzebuerg-Pafendall
Monument aux morts Polvermillen rue du Fort Dumoulin Lëtzebuerg-Polvermillen
Klengt Monument Ons Jongen Kierfecht um Sichenhaff Lëtzebuerg-Pafendall 49° 37’ 16.01’’ N
      6° 07’ 59.36.06’’ O
Monument aux morts Rollengergronn:
A Nos Victimes de la Guerre
1940 - 1945
Um Kierfecht am Rollengergronn Lëtzebuerg-Rollengergronn 49° 37’ 22.9’’ N
      06° 06’ 16.9’’ O
Gëlle Fra Place de la Constitution Lëtzebuerg-Uewerstad 1923 49° 36’ 33.53’’ N
      06° 07’ 45.98’’ O
Monument vun der nationaler Solidaritéit um Kanounenhiwwel Lëtzebuerg-Uewerstad 1971 49° 36’ 25.08’’ N
      6° 08’ 03.06’’ O
Erënnerungsplack Kathedral Lëtzebuerg-Uewerstad 1964 49° 36’ 34.67’’ N
      06° 07’ 53.81’’ O
Monument Aux Héros de la Force armée Morts pour la Patrie 1940-1945 um Kanounenhiwwel Lëtzebuerg-Uewerstad 49° 36’ 24.25’’ N
      6° 08’ 02.66’’ O
Erënnerungsplack fir d'5th Armored Division. Cercle Municipal Lëtzebuerg-Uewerstad
Borne vun der Voie de la Liberté boulevard Roosevelt / Bréisseler Plaz Lëtzebuerg-Uewerstad 49° 36’ 33.99’’ N
      06° 07’ 34.92’’ O
Erënnerungsplack Josy Zinnen Beim Ale Geriicht, Eck rue du Palais de Justice a rue de la Monnaie Lëtzebuerg-Uewerstad 49° 36’ 41.97’’ N
      6° 07’ 57.90’’ O
Erënnerungsplack un den H.Q. vum Patton senger 3. Arméi Fondation Pescatore Lëtzebuerg-Uewerstad
Monument Triumph of Courage - The Battle of the Bulge Parc Pescatore Lëtzebuerg-Uewerstad
Mémorial de la déportation juive (Monument kaddish) boulevard Roosevelt Plaz nieft der Kathedral Lëtzebuerg-Uewerstad 17. Juni 2018 49° 36’ 32.39’’ N
      06° 07’ 54.71’’ O
Erënnerungsplack un d'Affer vun der Nazi-Justiz ("Sondergericht" a "Standgericht"):
À la mémoire des victimes de la répression nazie condamnées par les juridictions du "Sondergericht" et du "Standgericht" qui ont siégé en ces lieux entre 1940 et 1945 (sic).
Œuvrons ensemble pour que de telles atrocités ne puissent se reproduire.
um 1. Stack vum Mansfeld-Gebai, dem fréiere Sëtz vun der Justiz. Lëtzebuerg-Uewerstad 23. Oktober 2018
Dräisproocheg Erënnerungstafel un déi zweet Stater Synagog (1894-1943)[2] um Gebai vum Erzéiungsministère, Monterey-Avenue Lëtzebuerg-Uewerstad 9. November 2018
Monuments aux morts op der Corniche Chemin de la Corniche Lëtzebuerg-Uewerstad 49° 36’ 34.1’’ N
      6° 08’ 01.8’’ O
Monuments aux morts bei der Kierch Lëtzebuerg-Weimeschkierch 21. August 1949
Monument aux morts Zéisseng:
Zum Undenken un déi onschelleg
Zéissenger Affer aus dem Weltkrich
1940-1945
+ Lëscht mat 14 Nimm
beim Kierfecht géigeniwwer vun der Kierch Lëtzebuerg-Zéisseng 49° 35’ 34.7’’ N
      6° 06’ 28.0’’ O
Monument aux morts Luerenzweiler Morts pour la patrie 1940-1946
Mat den Nimm vu 16 Affer
Op der Place Ferdinand Dostert, bei der aler Märei Luerenzweiler 24. August 1947 49° 42’ 05.92’’ N
      6° 08’ 27.41’’ O

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.


Referenzen änneren

  1. Tageblatt Nr 107 vum 11. Mee 1948, S. 3 (Link)
  2. "Dévoilement d'une plaque commémorative de la seconde synagogue du Luxembourg en présence de Xavier Bettel et Claude Meisch." gouvernement.lu, 122.11.2018.