Léiler ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf. Se huet bis Enn 2011 zur Gemeng Hengescht gehéiert ier déi – zesumme mat Munzen – bei d'Gemeng Klierf geprafft gouf.

Léiler
Léiler vu Süde gesinn
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lieler
de: Lieler
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Klierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Awunner 289
  01.01.2018
Fläch 730,22 ha
Héicht 471 m
Koordinaten 50° 07’ 29’’ N
      06° 06’ 35’’ O
Léiler Schoul
Léiler Kierch

Geographie änneren

Léiler läit op der Lëtzebuerger Säit vum Dräilännereck mat der Belsch an Däitschland. Nopeschuertschaften déi Säit der Grenzen am Oste sinn Ouren (Belsch) a Sevenig (Däitschland). Nordwestlech läit Wäiswampech, westlech Breedelt a südlech Hengescht a Kaalber.

Urspronk vum Numm[1] änneren

Den Numm vun der Uertschaft huet sech banne ronn 250 Joer ganz lues vu Lelour op Léiler (respektiv déi fr./dt. Form Lieler) verännert. An Urkunde liest een: 1535 Lelour; 1541, 1567, 1616 Lelar oder Lelair; 1551 Leilar; 1588 Leler; 1605 Lellar; 1621 Liler; 1631, 1664 Leller; 1656 Lehller; 1736, 1751 Lehler; 1755 Lieller; 1767, 1788 Lieler.

D'Deitung vum Numm ass net eendeiteg. Op der enger Säit mengt de La Fontaine, datt Léiler fréier eng Uertschaft war an där d'Awunner sech absënns der Musek an der Poesie higinn hunn, wärend d'Endsilb -lar keltesch wier an e Grapp Awunner bedeite soll.

Aner Geschichtsfuerscher[Wien?] zweifelen awer un där Theorie an hale sech éischter un eng Iwwerliwwerung, déi dovu schwätzt datt d'Duerf fréier bei engem Fiels no bei Hengescht gewiescht soll sinn, deen haut nach als Brautley bekannt ass. Wéi bei enger Pescht bal all d'Awunner hiert Liewen hu misse loossen, do hätten d'Iwwerliewend sech e puer Kilometer méi wäit néiergelooss an do d'Duerf Lehlar gegrënnt, wat souvill heesche géif wéi Duerf oder Siidlung vun de Leit vun der Ley.

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Léiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Broschür Die Gemeinde Heinerscheid vum Pater B.J. Thiel OSB, 1955
    Wie aus Lelour Lieler wurde, Lëtzebuerger Sonndesblat, Nr. 41 vum 14. Oktober 1984
  2. Informatiounsblad iwwer den Naturentdeckungspad Cactusbësch Archivéiert op 2019-02-13. Gekuckt de(n) 2019-01-10.