Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm

Kierfecht zu Hamm an deem amerikanesch Zaldote begruewe sinn, déi am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn

Den Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm ass en amerikanesche Kierfecht, an deem déi stierflech Iwwerreschter vu 5.076 amerikaneschen Zaldote begruewe sinn, déi am Zweete Weltkrich, absënns an der Ardennenoffensiv, zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn. En ass 20,44 ha grouss an ee vu véierzéng amerikaneschen Zaldotekierfechter déi baussent den USA ugeluecht goufen. De Kierfecht gouf 1960 fäerdeggestallt a gouf de 4. Juli 1960 feierlech ageweit.

Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm
Vue iwwer d'Griewer
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Hamm
Fläch 20,4366 ha
Griewer 5.076
Ugeluecht 1960
Koordinaten 49° 36’ 42’’ N
      06° 11’ 08’’ O
Gestioun American Battle Monuments Commission


Eng Éieregard um Generol Patton sengem Graf. Lénks am Bild d'Helen Patton-Plusczyk, dem Generol säi Kandskand.

Och de Generol George S. Patton, deen Enn 1945 un de Suitte vun engem Autosaccident gestuerwen ass, ass do begruewe ginn.

D'Kapell änneren

D'Kapell ass aus wäissem Valore-Steen aus dem franséische Jura an ongeféier 15 Meter héich. Op der ëstlecher Säit, dem Haaptagank zougedréit, ass eng Skulptur vum Wope vun de Vereenegte Staaten. Op der westlecher Säit ass eng Skulptur vum Lëtzebuerger Wopen ze gesinn.

Iwwer dem Agank vun der Kapell steet eng siwe Meter héich Skulptur vun engem Friddensengel, déi aus roudem schweedeschen Orchidee-Granit gemeesselt gouf. Seng riets Hand gëtt de Seegen a seng lénks Hand hält e Lorbertrausch. Iwwer der Statu ass eng Dauf op enger Wollek ze gesinn. D'Kapellendier besteet aus zwéin héije bronzene Fligelen op deene vergult Motiver déi aacht Dugende vum Zaldot duerstellen.

Déi bannenzeg Mauere vun der Kapell sinn aus Hauteville-Perlé-Steen. Virun der nërdlecher Wand steet en Altor aus Bleu Belge-Marmer, aus dem Süde vun der Belsch. Iwwer dem Altor weist eng schmuel Bläiglas-Fënster d'Ofzeeche vun de fënnef grousse Militäreenheeten, déi an dëser Géigend am Asaz waren. De Buedem ass aus véier verschidden Zorte italieenesche Marmer. An der Mëtt ass eng ronn, bronze Plack mat den dräizéng Stäre vum amerikanesche Wope mat ronderëm Äscht vun Eechen, Kiferen a Lorbertraisch. Um Plaffong ass e Mosaik a liewege Faarwen ze gesinn, dat den Hellege Geescht weist, op enger Wollek, déi vu véier Engele gedroe gëtt.

D'Griewer änneren

Op de Graffelder op der aner Säit vun der Terrass leien déi stierflech Iwwerreschter vu 5 076 amerikanesche Krichsdoudeger, déi am Déngscht vun hirer Natioun hiert Liewe verluer hunn. Si koumen aus 50 Staaten an aus dem District of Columbia. An 22 Griewer leien zwéi Bridder niefteneen. An 101 Griewer leien Onbekannter oder Läichen, déi net identifizéiert goufen. Griewer mam Davidsstär weisen op jiddesch Zaldoten hin. Och eng Fra ass do begruewen, eng Infirmière.

D'Griewer sinn an néng Parzellen agedeelt. Op béide Säite vun der Parzell an der Mëtt direkt virun der Terrass stinn zwéi Fändelspottoen. Dertëscht ass d'Graf vum Generol George S. Patton.

Ënner den iwwer 5.000 Zaldoten, déi um Kierfecht leien, ass och eng Fra, an zwar de 2ndLT Nancy Leo, eng Infirmière aus dem Maryland déi bei engem Autosaccident bei Paräis de 24. Juli 1945 ëm d'Liewe koum. Hiert Graf ass H-9-71.

Kuckt och änneren

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Um Spaweck änneren

Commons: Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm – Biller, Videoen oder Audiodateien