Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (G)
Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.
Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.
78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.
1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.
Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.
Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.
Numm | Plaz | Uertschaft | Ageweit | Koordinaten | Bild |
---|---|---|---|---|---|
Monument aux Morts: Gesturwen fir d'Hémecht + 7 Nimm |
Nieft der Kierch | Garnech | 49° 36’ 51.4’’ N 05° 56’ 46.3’’ O |
||
Monument du Souvenir: Enrôlés de force 1920-1927 Eier a merci denen déi ënner Gefor a mam Asatz vun hirem Liewen eis Freihet méigleg gemach hun Gemeng Garnich 1989 |
Bei der Kierch | Garnech | 1989 | 49° 36’ 51.3’’ N 05° 56’ 47.8’’ O |
|
Erënnerung un d'Lëtzebuerger Affer vum Zweete Weltkrich | An der Weekapell um CR321, am nërdlechen Ausgang vun der Uertschaft | Géisdref | 49° 55’ 26.81’’ N 05° 57’ 57.56’’ O |
||
Gestuerwen fir d'Heemecht 1940-1945. Vu Giischt: [11 Nimm]. Looss viru blénken d'Fräiheetssonn | Bei der Kapell | Giischterklaus | 49° 47’ 03,84’’ N 06° 29’ 54.35’’ O |
||
Monument Alfred Etcheverry a Jean Thilges. Et erënnert un den US-amerikaneschen Zaldot Alfred Etcheverry deen den 13. Januar 1945 bei Géisdref an der Ardennenoffensiv gefall ass an un den 19 Joer ale Jean Thilges deen zesumme mat him duerch Granatsplitteren ëmkoum. | Um Knupp (CR321), vis-à-vis vun der Kierch | Géisdref | 1997 | 49° 55’ 15.13’’ N 05° 57’ 59.7’’ O |
|
US-Monument | Gilsdref | ||||
Monument aux morts: A NOS MORTS VICTIMES DE LA GUERRE 1940-1945 |
Kräizung bei der Kierch | Gilsdref | 1975 | 49° 51’ 57.3’’ N 06° 10’ 52.9’’ O |
|
Monument aux morts: GESTUERWEN FIR D'HEMECHT 1940-1945 + 8 Nimm |
Um Kierfecht | Gouschteng | 13. Nov. 1949[1] | 49° 37’ 21.6’’ N 6° 21’ 17.4’’ O |
|
Gedenksteen Fir d'Affer vum Krich | Nieft der Kierch | Greiweldeng | 49° 35’ 11.6’’ N 6° 21’ 30.9’’ O |
||
Kräizkapell | Nieft dem Agank vun der Kapell | Gréiwemaacher | 1956 | 49° 40’ 43.0’’ N 06° 26’ 10.1’’ O |
|
Kräizwee | Vum Rond-point nieft dem Kierfecht bis bei d'Kräizkapell |
Gréiwemaacher | 1956 | ||
Monument aux Morts, Kräizwee | Nieft dem Kierfecht beim Rond-point am Ufank vum Kräizwee |
Gréiwemaacher | 49° 40’ 45.5’’ N 06° 26’ 15.0’’ O |
||
US-Monument fir 331st Infantry Combat Team, 83rd Infantry Division. |
Um Bord vun der route du Vin N10 zirka 130 m südlech vun der Muselbréck |
Gréiwemaacher | 1981 | 49° 40’ 31.9’’ N 06° 26’ 29.1’’ O |
|
7 Stolpersteine | 7 Stolpersteng op 3 verschiddene Plazen[2] |
Gréiwemaacher | 8. Mäerz 2017 | ||
Monument Ons Jongen | Square Ons Jongen | Gréiwemaacher | 2014 | 49° 40’ 45,23’’ N 6° 26’ 15’’ O |
|
US-Monument | Bei der Kierch | Grooljen | 49° 56’ 10.2’’ N 06° 06’ 00.1’’ O |
||
Monument aux morts: COMMUNDE DE GROSBOUS MORTS POUR LA PATRIE |
Areler Strooss, nieft der Kierch | Groussbus | 49° 82’ 50.82’’ N 05° 96’ 41.59’’ O |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |
Referenzen
änneren- ↑ Gouschtenger Jubiläumsbuch S. 218
- ↑ Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg#Gréiwemaacher.