Kanounenhiwwel
Plaz mat Monument an der Stad Lëtzebuerg
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Kanounenhiwwel läit um Helleg-Geescht-Plateau an der Stad Lëtzebuerg, direkt rietserhand wou d'Al Bréck zu Enn ass, ëstlech vum Boulevard Roosevelt.
![]() | |
Situatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Koordinaten | 49°36'26"N, 6°8'2"O |
Morphologie | |
Héicht i. M. | 300 m |
Beim Schleefe vun der Festung ass den Hiwwel mat Gestengs vun der fréierer Helleg-Geescht Kasär opgeschott ginn[1].
Um Kanounenhiwwel steet d'Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit wou all Joer um Nationale Kommemoratiounsdag eng Gedenkzeremonie ofgehale gëtt.