Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (N)
Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.
Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.
78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.
1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.
Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.
Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.
Numm | Plaz | Uertschaft | Ageweit | Koordinaten | Bild |
---|---|---|---|---|---|
Monument aux morts | Kierfecht bei der Kierch | Näerden | 1984 | 49° 74’ 07.52’’ N 5° 92’ 35.88’’ O |
|
US-Monument | Kierfecht bei der Kierch nieft dem Monument aux morts | Näerden | 1995 | 49° 74’ 07.52’’ N 5° 92’ 35.88’’ O |
|
Monument op der Scoutekapell | Scoutekapell Neihaischen | Neihaischen | 1952 | 49° 37’ 21.32’’ N 6° 14’ 45.95’’ O |
|
US-Monument fir déi 4. US-Infantriedivisioun | An der Sortie vum Parking um Fluchhafen | Nidderaanwen | 49° 38’ 10.30’’ N 6° 13’ 2.19’’ O |
||
Monument aux morts | Nieft der Kierch um Kierfecht | Nidderdonwen | 49° 37’ 56.4’’ N 06° 24’ 07.2’’ O |
||
To the everlasting Honor and Glory of the soldiers of the 1st Battalion, 319th Infantry Regiment, 80th Infantry Division, Third U.S. Army | Bei der Gemeng | Nidderfeelen | 29. Oktober 1983 | 49° 51’ 13.69’’ N 06° 02’ 44.2’’ O |
|
Erënnerungsplack fir Zwangsrekrutéiert Nidderkäerjeng | Eck Rue du Bois an Avenue de Luxembourg | Nidderkäerjeng | 1989 | 49° 33’ 54.12’’ N 05° 54’ 25.74’’ O |
|
Monument aux morts | rue de l'Église | Nidderkäerjeng | 1952 | 49° 34’ 05.86’’ N 05° 54’ 27.28’’ O |
|
Erënnerungsplack fir 9 gefale Spahis | Bei der Käerjenger Gare | Nidderkäerjeng | 49° 33’ 26.86’’ N 05° 55’ 27.54’’ O |
||
Monument aux morts | Avenue de la Liberté, och Denkmal Hondsbësch genannt. Hei ginn awer net déi iwwerliewend Refractairen, mä déi doudeg Helde geéiert. | Nidderkuer | 22. September 1946 | 49° 31’ 58.40’’ N 05° 53’ 28,1’’ O |
|
Monument Hondsbësch | Avenue de la Liberté, hanner dem Monument aux morts. Et handelt sech hei eigentlech ëm eng Weekapell, déi a Form vun engem Grouwenagang ugeluecht gouf. Hei gëtt un déi 122 Refractairen erënnert, déi an der Minière verstoppt waren. | Nidderkuer | 49° 31’ 58.40’’ N 05° 53’ 27.50’’ O |
||
Monument aux morts: Weltkre'ch 1940 - 1945 Hirt Affer war nek emsoss: In memoriam: + 8 Nimm Mortuorum pro patria |
Nieft der Kierch | Nidderwampech | 1947 | 50° 00’ 39.8’’ N 05° 50’ 32.2’’ O |
|
Monument aux morts: Aux Morts de la Guerre 1940 - 1945 + 8 Nimm |
Bei der Kierch | Noutem | 49° 56’ 30.1’’ N 5° 52’ 48.5’’ E |
||
National Liberation Memorial | Schumanns Eck (d'Monument selwer steet um Territoire vun der Gemeng Wolz) |
Noutem | 49° 56’ 47.8’’ N 5° 52’ 51.9’’ E |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |