Monument aux morts Bouneweg

Monument um Bouneweger Kierfecht


D'Monument aux morts Bouneweg ass e kombinéiert Monument, dat souwuel un d'Affer vum éischte Weltkrich wéi och un déi vum zweete Weltkrich erënnert. Et steet um Bouneweger Kierfecht an der Kierfechtsstrooss nieft der Morgue.

Monument aux morts Bouneweg
Monument aux morts Bouneweg
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Bouneweg
Koordinaten 49°35'36,74"N, 6°8'28,61"O
Ageweit 18. Juni 1922

D'Monument vum éischte Weltkrich

änneren

Et besteet aus enger véierkanteger Sail op engem Sockel, mat 3 stenge Placke mat Opschrëften. Et erënnert un déi 17 zivil Affer vu Loftbombardementer am Abrëll a September 1918 ronderëm d'Gare an der Stad an un déi 13 Legionären aus der Gemeng Hollerech, déi op der Säit vun der Entente gefall sinn.

Text op der Frontplack:
HOLLERICH - BONNEVOIE, A SES MARTYRS ET HEROS DE LA GRANDE GUERRE, 1914 - 1918

Test op der Plack op der lénkser Säit:
LÉGIONNAIRES TOMBÉS + 13 Nimm an 2 Kolonnen an alphabetescher Reiefolleg

Text op der Plack op der rietser Säit:
VICTIMES DES ATTAQUES D'AVIONS + 17 Nimm (5 Fraen a 12 Männer) an 2 Kolonnen an alphabetescher Reiefolleg

D'Monument gouf den 18. Juni 1922 ageweit[1].

D'Monument vum zweete Weltkrich

änneren

Et besteet aus engem Sarkophag, dee virum Monument vum éischte Weltkrich steet, an deen eng Marberplack dréit mat der Opschrëft "A NOS MORTS, VICTIMES DES DEUX GUERRES, 1914-1918, 1939-1945, LA POPULATION DE BONNEVOIE

Hannert dem Monument vum éischte Weltkrich steet eng liicht boufërmeg gebaut, niddreg Mauer, déi op all Säit vun enger kuerzer Sail begrenzt ass. Op der Mauer si 17 quadratesch, stenge Placken ubruecht mat am Ganzen 175 Nimm vun de Krichsaffer, dorënner och 5 russesch Nimm. Op de Mauerbegrenzunge sinn d'Joreszuelen 1939 (lénks) an 1945 (riets) ubruecht. Op der rietser Begrenzungssail ass ënner der Joreszuel 1945 nodréiglech nach eng schwaarz Marberplack mat 7 russesche Nimm ubruecht.

D'Monument gouf 1957 ageweit.

Referenzen

änneren
  1. Bange E., « Der erste Weltkrieg », S. Kmec et P. Peporté (dir.), Lieux de mémoire au Luxembourg II, Luxembourg, Saint-Paul, 2012, p. 19‑24.