Kierch Lëtzebuerg-Pafendall
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kierch mam Théiwesbur | ||||
Uertschaft / Plaz | Pafendall | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Téiwes | |||
Konsekratioun | 1872 | |||
Architekt(en) | Charles Arendt | |||
Koordinaten | 49° 36’ 57.4’’ N 06° 07’ 58.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch am Pafendall ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Téiwes (St. Matthieu)[1], deem säi Fest den 21. September gefeiert gëtt.
Se steet am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg nieft dem Théiwesbur op der Kräizung vun der rue St. Matthieu an der rue Vauban, dem CR218, mat der rue du Pont, wou d'Bréck iwwer d'Uelzecht féiert.
Zur fréierer Par Lëtzebuerg-Pafendall gehéiert ausser der Pafendaller Parkierch och nach d'Kapell vum Sichenhaff.
GeschichtÄnneren
1847 huet déi éischt Pafendaller Kierch hir Dieren opgemaach. Si gouf no de Pläng vum Jean-François Eydt, deen Architekt vun der Stad Lëtzebuerg war, gebaut. Kuerz duerno goufen de Pafendall an de Sichenhaff vun der Par Sankt Méchel lassgeléist an als eege Par etabléiert.[2]
D'Kierch nom J.-F. Eydt war e véiereckegt Gebai mat Glaskuppel am byzantinesche Stil. Well et ënner der Glaskuppel am Summer ze waarm an am Wanter ze kal war, gouf no engem Neibau gefrot.[3]
Déi al Kierch gouf doropshin ofgerappt an 1872 gouf déi haiteg Kierch, déi no de Pläng vum deemolege Staatsarchitekt Charles Arendt am neobyzantinische Stil gebaut gouf, vum Bëschof Nicolas Adames ageweit.[3]
Vun 1861 bis zu sengem Doud am Joer 1902 war de Laurent Menager Organist an der Kierch. (Cf. d'Plack lénks nieft der Kierchenentrée).
1903 gouf eng nei Uergel vun der Firma Voigt&Söhne installéiert.[3]
Ëm 1920 goufen déi haiteg Kierchefënsteren agesat. Si goufe kuerz virun 2010, zesumme mat der Uergel, restauréiert.[3]
Am Zweete Weltkrich huet den deemolege Paschtouer Ries a säi Koschter ënner Liewensgefor eng Partie vu Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierter wärend 14 Méint am Kierchtuerm verstoppt, Zwangsrekrutéierter, déi net an enger preisescher Uniform kämpfe wollten. Et waren dat de Vic Fischbach, de René Schiltz, de Gaston Kerger, den Nicolas Schaefers, den Emile Schaefers an de Lucien Kraus.[4]
1947, bei der Geleeënheet vun der Joerhonnertfeier vun der Par, gouf nieft der Kierch den Don Bosco-Veräinslokal gebaut. E gëtt haut (2010) vu portugisesche Folklorgruppe fir déi Jonk benotzt. (Cf. Schëld iwwer der Entrée).
1979 waren déi bis haut leschte Renovéierungsaarbechten un der Kierch ofgeschloss.[3]
Series pastorumÄnneren
- Mathias Bots, 1855–1861
- Anton Koecher, 1861-1894
- J.P. Mergen, 1894-1899
- Nikolaus Biwer, 1899-1910
- Nikolaus Freresm 1910-1912
- Ferdinand Joachim, 1912-1937
- Jean-Pierre Ries, 1937-1956
- Roger Kinsch, 1956-1982
- Charles Pantenburg, 1982-1989
- Pierre Ries, 1988-2006
- Jos Morn, 2006-2010
- Bert Deischter, 2009-
LiteraturÄnneren
- Fischbach, Victor, 2000. Versteckt in der Kirche von Pfaffenthal. ons stad 71, S. 16-17, ill.
- Loutsch, J.-C., 1982. La famille Eydt de Neumühle-lez-Luxembourg. In: 125 Joer Sang a Klang Pafendall, S. 240-264. Dréckerei Service-Print Lëtzebuerg, 280 S.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kierch Lëtzebuerg-Pafendall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
BillerÄnneren
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Offiziell Websäit vun der Par
- ↑ J.-C. Loutsch 1982.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 F.T. = Fernand Théato, Websäit vun der Par Pafendall
- ↑ Victor Fischbach: Versteckt in der Kirche von Pfaffenthal Ons Stad, Nr. 71, Dezember 2002, S. 16-17