D'Kierch zu Léiler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.

Kierch vu Léiler
Filialkierch vu Léiler (2014)

Filialkierch vu Léiler (2014)
Filialkierch vu Léiler (2014)
Uertschaft / Plaz Léiler
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Konsekratioun 1956
Koordinaten 50° 07’ 30.2’’ N
      06° 06’ 41.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert.

Se steet an der Haaptstrooss, dem CR338. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Säitlech un der Kierch ass de Monument aux Morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.

Geschicht änneren

Eng eegestänneg Par gouf Léiler den 30. September 1807 mat engem Dekreet vum franséische Keeser Napoleon Bonaparte. Zu där Zäit huet Léiler zum Département des Forêts gehéiert, an et war mat den Nopeschuertschafte am Dekanat Klierf en Deel vun der Diözees Metz.

Nom Wiener Kongress gouf dat "neit" Groussherzogtum kierchenhierarchesch un d'Diözees Namouer ugehaangen, a Léiler mat.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Léiler. Et war déi eenzeg Kierch an dëser Par.

D'Gebai änneren

Amplaz vun engem Tuerm huet d'Léiler Kierch en erhéichte Chouerbau mat engem géie Walmdaach an deem d'Klacken hänken. Wéinst hirem Kierchechouer, deen op d'14. Joerhonnert datéiert gëtt, däerf d'Kierch als eng fir d'Ardennelandschaft typesch Kierch mat Chouertuerm agegliddert ginn. Dat haitegt Kiercheschëff ass tëscht 1849 an 1850 nei gebaut ginn, nodeem dat aalt, dat am Joer 1770 schonn emol vergréissert gouf, no 80 Joer ze kleng a baufälleg war. Hiert haitegt Ausgesi verdankt d'Kierch enger nom Zweete Weltkrich an de Joren 1953/54 duerchgefouerter Renovéierung. Haaptinteressi bei dëser Renovéierung war de mëttelalterleche Chouer bei deem d'Freske fräigeluecht a restauréiert goufen. Säitlech vum Chouer gouf eng Sakristei bäigebaut.

Den 8. September 1956 ass d'Kierch op den Titel Helleg-Kräiz-Kapell konsekréiert ginn, ier se den 31. Juli 1968 ënner staatlechen Denkmalschutz gesat gouf.[1] Um Kierfecht ronderëm d'Kierch stinn eng Rei vun alen a Schifersteng gemeesselt Grafsteng.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Léiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).