Kierfecht am Rollengergronn
Ee vun de 14 Kierfechter an der Kompetenz vun der Stad Lëtzebuerg
De Kierfecht am Rollengergronn, oder Rollengergrënnesche Kierfecht (offiziell Cimetière de Rollingergrund) läit am Quartier Rollengergronn/Belair-Nord vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Rollengergronn/Belair-Nord |
Adress | Kierchewee |
Fläch | 1,0843 ha |
Koordinaten |
49° 37’ 23.56’’ N 06° 06’ 17.35’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
![]() | |
GeschichtÄnneren
De Kierfecht huet virun der Gemengefusioun vun 1920 zur Gemeng Rollengergronn gehéiert[1].
GeographieÄnneren
De Kierfecht läit um Wupp vum Kierchewee (montée des Tilleuls), nieft der Antoniuskierch vum Rollengergronn. Wéinst senger Lag am Hang ass en an Terrassen ugeluecht.
Monumenter um KierfechtÄnneren
Um Kierfecht hänkt eng Gedenkplack als Undenken un d'Affer vum Zweete Weltkrich.
Griewer vu bekannte PerséinlechkeetenÄnneren
Jean Soupert a Pierre Notting am Familljegraf Soupert-Notting
BillerÄnneren
- Um Kierfecht am Rollengergronn
LiteraturÄnneren
- ons stad 44/1993 mat enger Rei Artikelen zum Sujet „Kierfecht“
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kierfecht am Rollengergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Henri Beck, Bruno Baltzer, Inhumations d'hier et d'aujourd'hui. onsstad.vdl.lu (1993). Gekuckt de(n) 25.10.2021.