Gedenkplack un d'Zwangsrekrutéierung um Lampertsbierg

D'Gedenkplack un d'Zwangsrekrutéierung ass eng Gedenkplack op der baussenzeger Mauer an der Entrée vun der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg, an der Stad Lëtzebuerg.

Plack nieft der Entrée vun der Victor-Hugo-Hal an der Victor-Hugo-Strooss um Lampertsbierg.
D'Gedenkplack.

Si erënnert drun, datt an dësen Halen den 30. August 1942 de Gauleiter Gustav Simon d'Zwangsrekrutéierung an d'Wehrmacht vun de Lëtzebuerger jonke Männer vun de Joergäng 1920-27 ugekënnegt huet, a wat d'Konsequenzen dovu waren.

Den Text op der Plack ass deen heiten [sic]:

Enrôlés de Force – Victimes du Nazisme

Den 30. August 1942 hunn d'Nazien hei an dësen Halen
d'Zwangsrekrutéierung vun 13.825 Lëtzebuerger Jongen
vun de Joergäng 1920-27 ordonnéiert !
Si hunn sech geaffert fir hir Famill ze schützen
an hu sech mat aller Kraaft dësem Diktat widdersat.
Honnerte Jongen goufen a Prisongen a Kazetter kalbliddeg
ëmbruecht,
iwwer 3.500 hunn direkte Widderstand geleescht a sinn
fortgelaaf,
2.906 hunn hir Heemecht ni méi erëmgesinn.
Ons Jongen a Meedercher goufen fir hiert ganzt Liewe
moralesch a kierperlech blesséiert.

Hiert Affer garantéiert eis haut d'Fräiheet vun eiser Natioun !

D'Plack gouf den 30. August 2012 a Presenz vun ë. a. dem Premier Jean-Claude Juncker, dem Stater Buergermeeschter Xavier Bettel, Vertrieder vun Zwangsrekrutéierten-Organisatiounen an enger sëllegen Deputéierten, ageweit a vum Bëschof Jean-Claude Hollerich geseent. No der Aweiung war eng Mass an der Lampertsbierger Kierch, déi ënner der Leedung vum André Heiderscheid, dee selwer Enrôlé de force war, gehale gouf.[1],[2]

Literatur änneren

  • Lecorsais, D., 2012. Respekt für Zwangsrekrutierte. Neue Gedenkplatte in Erinnerung an die Opfer an der alten Austellungshalle enthüllt. Luxemburger Wort vum 31. August 2012, S. 1 a S. 13.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Diane Lecorsais: "70. Jahrestag der Zwangsrekrutierung in Luxemburg: Neue Gedenkplatte in Erinnerung an die Opfer vor der alten Ausstellungshalle enthüllt." wort.lu, 30.08.12 22:23.
  2. Lecorsais, D., LW vum 31. August 2012, S. 1 a S. 13.