Weimeschkierch
Weimeschkierch ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Nordoste vun der Haaptstad.
Weimeschkierch | |
---|---|
Vue op Weimeschkierch | |
An anere Sproochen |
fr: Weimerskirch de: Weimerskirch |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 2.414 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 110,50 ha |
Héicht | 352,20 m |
Koordinaten |
49° 37’ 41’’ N 06° 08’ 6’’ O |
Weimeschkierch huet zur Gemeng Eech gehéiert a war am Fong mat Eech eng Unitéit. Dodrun erënnert och de Sproch „Weimeschkierch an Eech leien an engem Streech[1]“.
Geographie
ännerenWeimeschkierch grenzt am Norden un Dummeldeng an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Gemeng Nidderaanwen an d'Quartiere Kierchbierg, Pafendall an Eech.
De Quartier huet eng Fläch vun 110,50 ha a läit op enger Héicht tëscht 237,4 an 352,2 m.
Ursprong vum Numm
änneren„Weimeschkierch“ staamt aus der fränkesch-merowengescher Epoch a geet op eng vun den eelste Kultplazen zu Lëtzebuerg zeréck. Am Joer 723 huet den Hausmeier Karl Martell d'Uertschaft „Weimeschkierch“ der Abtei St Maximäin vun Tréier geschenkt. Et huet sech ëm fränkeschen Haff gehandelt, zu deem och eng „privat“ Kierch, d'Vimaris ecclesia gehéiert huet, also engem Gotteshaus, dat de Frank Wimar op sengem Grond a Buedem opgeriicht hat.
Geschicht
ännerenZu Weimeschkierch hu bis ufanks vum 20. Joerhonnert haaptsächlech Händlerfamillje gewunnt déi uechtert d'Land gezu si fir Kreemchen (Parzeläin, Bitzgeschier asw.) géint Lompen an aalt Eisen ze tauschen. D'Lompekréimer, déi sech selwer Lakerte genannt hunn, hunn ënner sech d'Lakersprooch oder Lakerschmus geschwat, d'Sprooch vun de Jéiner.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jéinesch.
Awunner
änneren2001 hunn zu Weimeschkierch 1.472 Leit gewunnt; op den 31. Dezember 2022 waren et der 2.414. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 29,90 % géintiwwer 70,10 % Auslänner[2].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Undeel |
---|---|---|---|
TOTAL | 2 414 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 722 | 29,91 |
2 | Frankräich | 307 | 12,72 |
3 | Portugal | 247 | 10,23 |
4 | Italien | 162 | 6,71 |
5 | Belsch | 77 | 3,19 |
6 | Däitschland | 73 | 3,02 |
7 | Spuenien | 67 | 2,78 |
8 | Polen | 61 | 2,53 |
9 | Rumänien | 55 | 2,28 |
10 | Indien | 44 | 1,82 |
Top 10 | 1 815 | 75,19 | |
Aner Nationalitéiten | 599 | 24,81 |
Kuckt och
änneren- Kierch Lëtzebuerg-Weimeschkierch
- Naturschutzgebitt Kuebebierg
- Schëttermarjal, e Bëschhank südlech vu Weimeschkierch
- Géisserei Wies
Literatur
änneren- Michel Schmitt, 1992, „Weimerskirch, “die Urpfarrei” der Stadt Luxemburg“, ons stad Nr 41, S. 20-21
- Fernand Théato, 2006, „Weimeschkierch an Eech, leien an engem Streech“ an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 100-103
Um Spaweck
ännerenCommons: Weimeschkierch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ deels och „Dummeldeng, Weimeschkierch an Eech leien an engem Streech”
- ↑ Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.