Kierch Lëtzebuerg-Zéisseng

Kierch vun Zéisseng
Kierch vun Zéisseng (2012)
Kierch vun Zéisseng (2012)
Uertschaft / Plaz Zéisseng
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Konsekratioun 12.3.1972
Architekt(en) Remy Isola
Koordinaten 49° 35’ 22.1’’ N
06° 06’ 25.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Zéisseng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

De Patréiner ass den Hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zu Zéisseng op der Kräizung vun der Zéissengerstrooss, dem CR179, mat der Rue Verte an der Rue de la Forêt. Nieft der Kierch steet en aalt Weekräiz vu 1697.

GeschichtÄnneren

Déi éischt Zéissenger KierchÄnneren

Éier Zéisseng seng eege Kierch hat, sinn d'Awunner an d'Hollerecher Kierch gaangen, zu där Gemeng Zéisseng deemools gehéiert huet. Well d'Hollerecher Kierch Enn des 19. Joerhonnerts ze kleng gi war, hunn d'Zéissenger sech fir de Bau vun enger Filialkierch vun Hollerech zu Zéisseng agesat. Där hire Grondstee gouf den 21. Abrëll 1902 geluecht an am Oktober 1903 ass se geseent ginn. D'Pläng goufe vum Distriktsarchitekt Jean-Pierre Knepper vun Dikrech entworf an d'Jakobusfënster vum Ingenieur Jules Fischer gestëft. De Bau an d'Ariichtung vun der Kierch hunn deemools 42.633,80 Lëtzebuerger Frang kascht, vun deenen d'Gemengekees 30.980 Frang iwwerholl huet. Eréischt 1912 ware genuch Suen zesummen, fir zwou Klacken aus Saarburg ze kaafen.

Den 1. Januar 1959 ass Zéisseng, dat bis dohin zur Par Hollerech gehéiert huet, zu enger eegener Par erhuewe ginn.

Déi zweet an aktuell Zéissenger KierchÄnneren

1920 ass d'Gemeng Hollerech, an domat och Zéisseng, mat der Gemeng Lëtzebuerg fusionéiert. 1960 hunn eng Grupp Zéissenger Awunner dem Schäfferot ënner dem Buergermeeschter Émile Hamilius e Bréif geschriwwen, an deem si erkläert hunn, datt déi Zéissenger Kierch ze kleng ginn ass an net ausgebaut ka ginn, an et dofir néideg wier, eng nei Kierch ze bauen. De 5. Juli 1968 huet de Schäfferot du mat 19 géint enger Stëmm decidéiert, mat engem Budget vun 11 Millioune Lëtzebuerger Frang eng nei Kierch ze bauen. 1964 war nach geplangt, den neie Bau sollt 700 Sëtzplazen hunn, schlussendlech huet ee sech awer op 400 Sëtzplaze geenegt. D'Pläng vum Gebai goufen dem Achitekt Remy Isola uvertraut, wärend de Gustave Zanter d'Fënsteren entworf huet. Den Altor, den Tabernakel, d'Liespult an den Dafbur si vum Charles Kohl.

De Grondstee gouf de 14. Juni 1969 a Presenz vun Éieregäscht wéi der Kultusministerin Madeleine Frieden an dem Buergermeeschter Paul Wilwertz geluecht. 1971 huet d'Gemeng zougestëmmt, déi zousätzlech Käschte vun 380.011 Frang fir d'Bannenariichtung z'iwwerhuelen. 1972 sinn nach eng Kéier 5.366.107 Frang fir Aussenaarbechten accordéiert ginn, dorënner 3.116.107 fir de Parvis an d'Zougangstrap, 600.000 Frang fir d'Ofrappe vun der aler Kierch an 1.100.000 Frang fir d'Upasse vun de Stroossen an den Trottoiren.

Den 18. September 1971 goufen déi dräi Klacke mat den Téin La (a') Sol (g') Mi (e'), déi an der Äifeler Klackegéisserei gegoss an duerch Done finanzéiert goufen, geweit. Den 12. Mäerz 1972 ass d'Kierch, déi den Neierunge vum 2. Vatikanesche Konzil Rechnung dréit, vum Bëschof Jean Hengen geweit ginn.

KierfechtÄnneren

Den Zéissenger Kierfecht läit direkt vis-à-vis vun der Kierch op där anerer Stroossesäit vun der rue Verte nieft der Spillschoul.

FotoenÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Konsekration der Cessinger Pfarrkirche St. Joseph 12. März 1972, 1972, Broschür, ouni Säitenzuelen

QuellenÄnneren

  • Robert Grün, Cessingen – Von der Dorfgemeinde zur Vorstadt, 1991, 198 Säiten, Éditions Émile Borschette, Christnach

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Zéisseng – Biller, Videoen oder Audiodateien