Bouneweger Kierfecht
De Bouneweger Kierfecht (offiziell Cimetière de Bonnevoie) läit am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen. Mat ronn 4,4 ha ass et de véiertgréisste Kierfecht an der Stad.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Bouneweg |
Adress | 79, Rue du Cimetière |
Fläch | 4,4087 ha |
Ugeluecht | 1862 |
Koordinaten |
49° 35’ 38.69’’ N 06° 08’ 31.02’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
Geschicht änneren
De Kierfecht gouf 1862 ugeluecht[1] an huet virun der Gemengefusioun vun 1920 zur Gemeng Hollerech gehéiert[2].
Geographie änneren
Ronderëm de Kierfecht leien d'Kierfechtsstrooss am Westen, d'Demy-Schlechter-Strooss am Norden an d'Édouard-Grenier-Strooss am Osten. Am Süde grenzt en un d'Gäert vun den Haiser aus der Wëlzer Strooss. Den Haaptagank ass Kierfechtsstrooss.
Monumenter um Kierfecht änneren
Um Kierfecht steet e Monument aux morts als Undenken un d'Affer vum Éischten an Zweete Weltkrich.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument aux morts Bouneweg.
Biller änneren
-
De Kierfecht mat der Morgue
-
De Monument aux morts
Literatur änneren
- ons stad 44/1993 mat enger Rei Artikelen zum Sujet „Kierfecht“
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Bouneweger Kierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ A. Vorgeschichte der Pfarrei. www.paroisse-bonnevoie.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-31.
- ↑ Henri Beck, Bruno Baltzer, Inhumations d'hier et d'aujourd'hui. onsstad.vdl.lu (1993). Gekuckt de(n) 25.10.2021.