Haaptmenü opmaachen

Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit

D'Monument um Kanounenhiwwel (2018)
De Groussherzog Henri stëppelt am Éiwege Feier um Nationale Kommemoratiounsdag 2016.

D'Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit ass an der Stad Lëtzebuerg um Kanounenhiwwel. Et soll un déi Doudeg vum Zweete Weltkrich erënnere sou wéi un d'Resistenz zu Lëtzebuerg géint den Nationalsozialismus an un d'Solidaritéit vum Lëtzebuerger Vollek géint d'Nazi-Besatzung vum Land.

Op Initiativ vum deemolege Premier Pierre Werner gouf 1968 eng Kommissioun agesat déi ënner dem Virsëtz vum Georges-Henri Pingusson, Professer an der École des Beaux-arts zu Paräis, de Projet vum Kënschtler François Gillen a vum Architekt René Mailliet ausgewielt huet. Mam Bau gouf den 3. Mee 1971 ugefaangen an d'Monument konnt schonn den 10. Oktober 1971, um Joresdag vun der avortéierter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 inauguréiert ginn.

Virum Monument brennt en éiwegt Feier. De bannenzegen Haff mat Pavé, dee fir de Public net zougänglech ass, symboliséiert d'Prisongen, d'Konzentratiounslager an d'Kasären. An der Kapell, och scho mol Krypta [1] genannt, steet en einfachen onbehaene Stee fir d'Affer vum Krich an eng Urn mat Buedem vu Słońsk, déi un de Massaker am Konzentratiounslager Sonnenburg soll erënneren.

LiteraturÄnneren

  • Joseph Petit, 1972. Le Monument National de la Solidarité Luxembourgeoise pendant la deuxième Guerre Mondiale. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 127 S.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren