Gedenkplack fir d'Lëtzebuerger Fraen am Reichsarbeitsdienst

Gedenkplack an der Verrière vun der Gare Lëtzebuerg

D'Gedenkplack fir d'Lëtzebuerger Fraen am Reichsarbeitsdienst ass eng Gedenkplack an der Verrière vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg. Si erënnert drun, datt d'Nazien am Zweete Weltkrich 3.614 Lëtzebuerger Meedercher a Fraen haaptsächlech vun der Stater Gare aus an Däitschland gefouert hunn, wou se am Reichsarbeitsdienst (RAD) oder Kriegshilfsdienst (KHD) hu misse schaffen.

Gedenkplack fir d'Lëtzebuerger Fraen am Reichsarbeitsdienst
Typ Gedenkplack
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Gare Lëtzebuerg
Koordinaten 49°35'59,309"N, 6°8'2,029"O
Ageweit 18. Oktober 2020
Material Bronz

D'Plack gouf am Kader vum Nationale Kommemoratiounsdag den 18. Oktober 2020 vum Grand-Duc Henri a Presenz vum Premier Xavier Bettel an der Maisy Ginter-Bonichaux devoiléiert. D'Maisy Bonichaux ass eng vun de Iwwerliewenden, déi zum "Ehrendienst am deutschen Volk" gezwonge gi war.

Den Text op der Plack ass deen heiten:

AM ZWEETE WELTKRICH SINN 3614 JONK
LËTZEBUERGER FRAE VUN DEN NAZIEN
AN DE „REICHSARBEITSDIENST”
GEZWONGE GINN. ZUM GRÉISSTEN
DEEL GOUFE SI VUN DËSER GARE AUS
AN DÄITSCHLAND TRANSPORTÉIERT.
58 FRAE SINN AN DER FRIEMD
GESTUERWEN.

Drënner steet den Text op Franséisch.

Biller änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gedenkplack fir d'Lëtzebuerger Fraen am Reichsarbeitsdienst – Biller, Videoen oder Audiodateien