Monument aux morts Kapell Leideleng
Als Monument aux Morts gouf d'Kapell nieft der Kierch zu Leideleng 1948 nei opgeriicht.
D'Kapell fir d'Leidelenger Krichsaffer | |
Typ |
Krichsmonument, Kapell |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Leideleng |
Plaz | Leideleng |
Koordinaten | 49°34'3,18"N, 6°3'50,62"O |
Am Zweete Weltkrich gouf d'Mauer ronderëm d'Kierch nei ugeluecht an déi deemoleg héich Kapell ofgerappt. Nom Krich ass fir den Neibau vun der Kapell e Comité du monument aux morts aus allen Duerfveräiner zesummegesat ginn.
Leidelenger Krichsaffer
ännerenLeideleng gouf am Krich zwar net zerstéiert, et gouf awer vill Leed duerch Zwangsrekrutéierung. Als victimes de la guerre 1939-44 R.I.P stinn an der Kapell d'Nimm vun alle Leidelenger, déi hiert Liewe fir d'Heemecht geaffert hunn.:
- Hintgen Dominique, 1925 - 4. 1. 1945
- Lucius Marcel, 1921 - 15. 8. 1943
- Moes Jean, 1924 - 18. 3. 1945
- Peffer Albert, 1922 - 5. 5. 1943
- Pickard Jean, 1922 - 22. 7. 1943
- Poiré Emile, 1921 - 29. 3. 1943
- Reicher Edouard, 1920 - 15. 9. 43
- Rosenfeld Joseph, 1924 - 24. 5. 1944
- Schwirtz Joseph, 1923 - 9. 3. 1944
- Schwirtz Lucien, 1922 - 6. 9. 1943
- Steffen Jean-Pierre, 1924 - 1. 2. 1945
- Weydert Pierre, 1906 - 9. 5. 1944
28 Leidelenger Jongen a 4 Leidelenger Meedercher vun de Joergäng 1920-1927 goufen an den Aarbechtsdéngscht, an de Kriegshilfsdienst an an d'Wehrmacht agezunn[1].
Bei der Neigestaltung vun der Kierchenentrée an dem Uleeë vun enger fräier Plaz, krut d'Plaz bei der Kapell 1971 den Numm place des Martyrs.
Geschicht
ännerenNieft der Leidelenger Kierch stoung um deemolege Kierfecht eng Kapell aus Holz. Ëm 1700 gouf déi Kapell och fir Gottesdéngschter benotzt, well d'Kierch deemools ze kleng a baufälleg war. Déi weltlech Herrschafte vu Meesebuerg a Beetebuerg hunn zwar d'Steieren agezunn, wollten awer net fir d'Reparatur an e Neibau vun der Kierch opkommen.
Besonnesch op den Hl. Kräizfester a wann d'Pilger bei den Hellege Cornelius a bei den Hellege Vältes koumen, goufen d'Massen an der hëlzener Kierfechtskapell gehalen.
Kuckt och
ännerenReferenzen
ännerenQuellen
änneren- Pfarrei Leudelingen (Hrsg), 1983, Paroisse Saint-Corneille, Leudelange, restauration de l'église centenaire 1983, Imprimerie St-Paul, 111 S.