Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (S)
Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.
Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.
78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.
1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.
Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.
Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.
Numm | Plaz | Uertschaft | Ageweit | Koordinaten | Bild |
---|---|---|---|---|---|
Monument aux morts | Nieft der Kierch | Saassel | |||
Monument aux morts | Nieft der Kierch | Sandweiler | |||
D'Monument fir d'5th U.S. Armored Division zu Sandweiler | Um Kapellebierg | Sandweiler | 1994 | 49° 37’ 02.31’’ N 06° 12’ 49.03’’ O |
|
Monument fir den Hans Adam | Square Hans Adam | Schëffleng | |||
4 Stolpersteine | 3 op Nr. 37, avenue de la Libération; 1 op Nr. 5, rue Belair[1] | Schëffleng | 23. Abr. 2021 | ||
Morts pour la Patrie | Beim Wee fir an d'Kierch | Schengen | 49° 28’ 13.3’’ N 06° 21’ 50.6’’ O |
||
Monument aux Morts | Plaz bei der Kräizung vu Wäistrooss a Seckerbaach | Schengen | 49° 28’ 33.4’’ N 06° 21’ 56.5’’ O |
||
1940 Pro Patria 1944 Nimm a Liewensdate vu 27 Affer |
Kapellchen an der Schëtter Kierch | Schëtter | 49° 37’ 26.75’’ N 06° 16’ 07.02’’ O |
||
Stèle du Souvenir Fir d'Affer vum Nazi-Terror (dräisproocheg) |
Place de l'Église, bei der Märei | Schëtter | 1995 | 49° 37’ 24.8’’ N 06° 16’ 05.06’’ O |
|
Monument aux Morts: La Paroisse à la Pieuse Mémoire de ses Morts 1940-1945 |
Nieft dem Agank vun der Kierch | Schlënnermanescht | 1962 | 49° 55’ 58.0’’ N 06° 03’ 44.5’’ O |
|
Zwangsrekrutéierten-Erënnerungsplack | Beim Fräiheetsbam | Schuller | 49° 55’ 58.0’’ N 06° 03’ 44.5’’ O |
||
Monument aux Morts: A NOS MORTS 1940-1945 (Wierk vum Foni Thissen) |
Virun der Spillschoul, rue des Écoles | Schuller | 1968 | 49° 34’ 57.2’’ N 05° 57’ 34.7’’ O |
|
Erënnerungsplack un de J.P. Wiltzius (1881-1942), mort en déportation. | Op engem Weekräiz op der Haaptstrooss | Schwéidsbeng | 1952 | 49° 34’ 56.35’’ N 05° 57’ 21.67’’ O |
|
Monument aux morts: Gestuerwen fir d'Hemecht 1940-1945 + 3 Nimm |
Nieft dem Kierfecht | Selschent | 50° 01’ 02.0’’ N 05° 56’ 49.5’’ O |
||
Erënnerungsplack ënner enger Jesus-Statu: Morts pour la patrie + 4 Nimm |
Nieft der Kierch | Selschent | 50° 01’ 02.4’’ N 05° 56’ 50.9’’ O |
||
Monument aux morts | Nieft der Märei | Simmer | 49° 41’ 58.42’’ N 05° 57’ 50.92’’ O |
||
Erënnerungsplack | Op der Kierchtuermsmauer | Sir | 49° 54’ 07.94’’ N 05° 46’ 42.34’’ O |
||
Erënnerungsplack fir déi 16 amerikanesch Jonge vum 357. Infanterie-Regiment (90. Infanterie-Divisioun - Tough 'Ombres), déi den 11. Januar 1945 zu Soller an der Ardennenoffensiv gefall sinn | Baussen op der Kierfechtsmauer | Soller | Oktober 2015 | 49° 57’ 50.54’’ N 05° 49’ 31.47’’ O |
|
Monument aux Morts: Victimes de la guerre 1940-1945 + 3 Nimm |
Bei der Kierch | Steenem | 49° 49’ 08.47’’ N 06° 28’ 42.15’’ O |
||
Monument aux Morts (Skulptur vum Lucien Wercollier) Gestuerwen fir d'Hemecht 1940 Stesel Möllereff 1944 Mat den Nimm vu 14 Affer op zwou Placken |
Widder der Kierch | Steesel | 49° 40’ 36.08’’ N 06° 07’ 25.29’’ O |
||
Erënnerungsplack | 36, route de Luxembourg Erënnerung un de Gendaarm Eugène Glodt deen den 21. Abrëll 1943 op dëser Plaz erschoss gouf. |
Stengefort | 1993 | ||
Zwou Erënnerungsplacken: - Steinfort à ses enfants morts pour la patrie 1940-1945 - George S. Patton Jr. - 3rd US Army |
Beim Gemengenhaus | Stengefort | 49° 39’ 35.2’’ N 05° 54’ 50.1’’ O |
||
Monument 5th US Armored Division | Nieft der Bréck vu Stolzebuerg Erënnerung un déi éischt alliéiert Zaldoten déi do den 11. September 1944 als éischt iwwer Stolzber Bréck an Däitschland amarschéiert sinn. |
Stolzebuerg | 49° 57’ 47.17’’ N 06° 10’ 11.38’’ O |
||
Monument aux morts | Nieft der Kierch | Stroossen | 1949 | ||
US-Monument | Stuppecht |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |
- ↑ Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg#Esch-Uelzecht.