Kierch Lëtzebuerg-Gaasperech
D'Kierch zu Lëtzebuerg-Gaasperech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vu Gaasperech (2016) | ||||
Uertschaft / Plaz | Gaasperech | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Theresia | |||
Architekt(en) | Jean Mackel | |||
Baujoer | 1932 - 1933 | |||
Koordinaten | 49° 35’ 29.2’’ N 06° 07’ 20.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Theresia, där hiert Fest den 1. Oktober gefeiert gëtt.
D'Kierch steet zu Gaasperech an der Gasperecher Strooss (Rue de Gasperich).
D'Gebai änneren
De Grondstee fir d'Gaasperecher Kierch gouf am Mee 1932 geluecht a schonn e Joer drop konnt eng éischt Mass do gehale ginn. D'Pläng ware vum Architekt Jean Mackel; et ass eng vun den éischte Kierchen zu Lëtzebuerg déi net méi historistesch ass, mä déi als modern ka bezeechent ginn. 1966 gouf d'Kierch ënner der Leedung vum Architekt Edouard Reuter den Ufuerderunge vun der Liturgiereform ugepasst an definitiv fäerdeggestallt a sou gouf se dann de 27. November 1966 vum Bëschof Léon Lommel geweit[1].
D'Uergel änneren
D'Uergel steet op der Plaz vum rietse Säitenaltor. Se war entworf a gebaut ginn, fir um Duxall opgeriicht ze ginn. Se gouf vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder vu Lëntgen gebaut an d'Aweiung war de 6. November 1982.
Literatur änneren
- Ons Stad N°31, 1989, S. 24, Michel Schmitt, Gasperich: Junge Pfarrei in altem Pfarrbezirk
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Referenzen änneren
- ↑ Vollendung der Pfarrkirche von Gasperich am Luxemburger Wort vum 26. November 1966