D'Kierch zu Leideleng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Leideleng[1], zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Leideleng gehéiert.

Kierch vu Leideleng
Parkierch vu Leideleng (2013)

Parkierch vu Leideleng (2013)
Parkierch vu Leideleng (2013)
Uertschaft / Plaz Leideleng
Par Leideleng
Saint-Corneille
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Cornelius
Konsekratioun 1880
Architekt(en) Charles Arendt
Koordinaten 49° 34’ 03.7’’ N
      06° 03’ 49.8’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Cornelius, deem säi Fest de 16. September gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vun der rue Eich mat der rue de Cessange respektiv rue du Lavoir, dem CR163.

Geschicht

änneren

An der Lëscht vum Jean-Pierre Koltz gëtt déi ural Par als St. Maximäiner Grënnung geféiert a steet als Ludelinga op Plaz 18 op der Lëscht mat Bannpressessiounen op Tréier[2].

Ëm d'Joer 1870 kënnt de Süde vum Land an e wirtschaftlechen Opschwonk. D'Bevëlkerung ass gewuess, och zu Leideleng: 1821 hat d'Duerf 282 Awunner, 1880 der 700. Wéi a villen Dierfer huet och zu Leideleng eng nei Kierch gebaut misse ginn. 12 Hektar Bësch goufen ofgeholzt fir d'Sue fir eng nei Kierch zesummen ze kréien. De bekannte Staatsarchitekt Charles Arendt hat grad d'Jousefskierch Esch-Uelzecht fäerdeg gebaut, wéi en den Optrag krut, déi al Kierch aus dem Joer 1727 ofzerappen, an op der selwechter Plaz eng nei ze bauen.

De Grondstee vun dëser Kierch gouf de 17. Juni 1879 geluecht, an den 13. September 1880 gouf se vum Bëschof Nicolas Adames ageweit.

An de Joren 1982/83 gouf d'Kierch ënner dem Paschtouer Marcel Groff erneiert. Den Architekt Norbert Mangen huet se restauréiert an de Kënschtler Prof. Ad Deville huet den Altor, d'Liespult, den Tabernakel an den Dafsteen entworf. Den 10. Juli 1983 ass den neien Altor vum Bëschof Jean Hengen konsekréiert ginn.

D'Uergel

änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Leideleng.
.

 
D'Uergel

D'Fënsteren

änneren
 
Déi zentral Chouerfënster

D'Kierchefënstere goufe vun de Kënschtler Jakob Schwarzkopf (1926-2001) vun Tréier 1963 an dem Glasmoleratelier Binsfeld zu Tréier fabrizéiert.

Klacken

änneren

Am Klackentuerm hänken zwou Klacken:

D'Klack ass 85 cm héich a weit eng 700 kg. Se huet en Duerchmiesser vun 101 cm a laut a Sol. D'Inscriptioun ass op Franséisch:

FONDUE L'AN 1873 POUR LA COMMUNE DE LEUDELANGE MR LENERTZ ETANT MIRE MR N KRIER CURE DE LA PAROISSE M M GOEVELINGER ET KIRPACH ECHEVINS / FISCHBACH MELCHIOR I KIRPACH STEFFEN CONSEILLERS
  • "Helleg Kräiz a Cornelius", déi ouni Datum ass a vun där net bekannt ass aus wat fir enger Klackegéisserei se staamt. Der Schrëft no kéint et "Perrin de France" sinn, aus der Kierchegässel vun Hollerech.

D'Klack weit ongeféier 250 Kilo, ass 62 cm héich an huet en Duerchmiesser vu 77 cm. S elaut a "Si". D'Inscriptioun steet a véier Reien:
IN HONOREM SANCTAE CRUCIS ET BEATI CORNELII EX BONA OVIUM
FUSA SUB PASTORIS CURA NICOLAI PLETSCHETTE IN VOLUNTATE
ET SUB OEDILIMORUM BEGIMINE PETRI LUSIUS MATHIE LEUDELINGEN
ET BOECKES NICOLAI BROSIUS SCHMITZ HILARI GOEVELINGER MENTRICI

Paschtéier a Kiercheverwalter

änneren
  • ......
  • Nikolaus Krier vun Diddeleng, 27.9.1867 bis 11.2.1878
  • Hubert Schaack vun Dikrech, 20.4.1878 bis 1.11.1904
  • August Gemen aus der Stad Lëtzebuerg, 3.10.1904 bis 1.10.1921
  • Nikolaus Schweitzer vun Trënteng, 14.9.1921 bis zu sengem Doud 29.2.1928
  • Joseph Mathieu vu Kielen, 7.3.1928 bis 1.4.1948
  • Joseph Schütz vun Déifferdeng, 8.4.1948 bis 16.7.1978
  • Marcel Groff, 30.9.1978 bis 24.9.1988
  • Georges Bemtgen, 5.11.1988 bis 1992
  • Aloyse Bartz, 31.10.1992 bis de September 1997
  • Romain Kroeger vu Bieles, 15.9.1997 -..., responsabel fir Gaasperech, Hollerech a Leideleng

Literatur

änneren
  • Administration communale de Leudelange (Hrsg.), Gemeng Leideleng 1856-1996, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1997, ISBN 2-9599931-0-1
  • Leidelenger Uergelfrënn a.s.b.l., Inauguration du nouvel orgue, Leudelange, brochure 1999
  • Pfarrei Leudelingen (Hrsg.), Paroisse Saint-Corneille, Restauration de l'Église centenaire 1983, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1983, 111 S.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Leideleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Matricula Online, Diözesanarchiv Leideleng
  2. Kierchtuermspromenaden Leideleng