9. November
Datum
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
Den 9. November ass den 313. Dag vum Joer (314. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1520: Dänemark: Am Stockholmer Bluttbad léisst de Kinnek Christian II. vun Dänemark ronn 100 Perséinlechkeete vum schweedeschen ëffentleche Liewen hiriichten. Dëst ass d'Enn vun der Kalmarer Unioun.
- 1719: Vertrag vu Stockholm, mat dem de Krich tëscht Schweden an Hanover op en Enn geet.
- 1799: Frankräich: Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire: Den Napoleon setzt dem Regime vum Directoire en Enn (bis 10. November).
- 1918: Däitschland: De Keeser Wilhelm II. trëtt zeréck; d'Weimarer Republik gëtt ausgeruff.
- 1938: Däitschland: "Reichskristallnacht": Dausende Synagogen a jiddesch Geschäfter ginn zerstéiert.
- 1989: Däitschland: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnertdausende vu Leit kënne fir d'éischt Kéier no 28 Joer an de Westen.
- 2014: Trennung vun der lëtzebuergescher Metalcoreband Falling Promises
- 2017: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 2:1 géint Ungarn. Den Aurélien Joachim an de Marvin Martins da Graça hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss.[1]
Gebuer
änneren- 1656: Paul Aler, däitsche Jesuitt, Philolog an Dichter.
- 1832: Émile Gaboriau, franséische Schrëftsteller.
- 1844: Jean-Baptiste Fallize, lëtzebuergeschen Theolog, Journalist a Politiker.
- 1866: Arthur Lewin-Funcke, däitsche Sculpteur.
- 1863: Jean-Pierre Theisen, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 1888: Jean Monnet, franséische Politiker.
- 1900: André Haguet, franséische Filmregisseur.
- 1903: Jacques Dumesnil, franséische Schauspiller.
- 1904: Jean Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1907: Pierre Grégoire, lëtzebuergesche Politiker, Journalist a Schrëftsteller.
- 1911: Antonio Román, spuenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1914: Jim Graser, lëtzebuergesche Boxer.
- 1914: Marcel Grignon, franséische Kameramann.
- 1914: Hedy Lamarr, éisträichesch-US-amerikanesch Schauspillerin an Erfinderin.
- 1914: Gianni Puccini, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur
- 1916: Joseph Theis, lëtzebuergesche Politiker.
- 1922: Raymond Devos, belsche Sprooch-Komiker.
- 1924: Henri Blaise, lëtzebuergesche Journalist an Dichter.
- 1928: Joseph Grosbusch, lëtzebuergesche Moler.
- 1929: Piero Cappuccilli, italieeneschen Operesänger.
- 1929: Imre Kertész, ungaresche Schrëftsteller.
- 1931: Paolo Taviani, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1933: Renate Ewert, däitsch Schauspillerin.
- 1934: Carl Sagan, US-amerikaneschen Astronom, Astrophysiker, Exobiolog, Visionär, Schrëftsteller an Tëleesmoderator
- 1939: Marco Bellocchio, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1942: Liliane Becker, lëtzebuergesch Turnerin.
- 1942: Alphonse Grimler, lëtzebuergeschen Handballspiller, Gewerkschaftler a Politiker.
- 1951: Claude Rohla, lëtzebuergesche Bouschéisser.
- 1953: Romain Michaux, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1957: Jean Noel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1997: Florian Bohnert, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen
änneren- 1859: Justus Georg Westphal, däitschen Astronom a Mathematiker.
- 1896: Hugo Gyldén, schweedeschen Astronom.
- 1918: Guillaume Apollinaire, franséische Schrëftsteller.
- 1923: Aloyse-André Welter, lëtzebuergeschen Zeitungsredakter a Schrëftsteller.
- 1940: Neville Chamberlain, brittesche Politiker.
- 1941: Nicolas Zimmer, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 1945: Norbert Sinner, lëtzebuergesche Vëlossportler an Autoscoureur.
- 1953: Dylan Thomas, waliseschen Dichter.
- 1953: Abd al-Aziz ibn Saud, Grënner vum Kinnekräich Saudi-Arabien.
- 1956: Jack Müller, lëtzebuergeschen Erfinder, Entreprener a Moler.
- 1970: Charles de Gaulle, franséische Generol a Staatspresident.
- 1974: Paul Tabori, ungaresch-brittesche Schrëftsteller.
- 1974: Gitta Lind, däitsch Schlagersängerin.
- 1991: Yves Montand, franséische Schauspiller a Sänger.
- 2003: Maurice Thoss, lëtzebuergesche Politiker.
- 2007: Luís Herrera Campíns, venezuelanesche Politiker.
- 2013: Jacques Besnard, franséische Filmregisseur, Dréibuchauter a Schauspiller.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 9. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg–Ungarn op der Websäit eu-football.infp