15. Oktober
Datum
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | ||||||
2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 |
9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 |
16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 |
23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 |
30 | 31 | |||||
2023 |
De 15. Oktober ass den 288. Dag (289. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
EvenementerÄnneren
- 1582: De Poopst Gregor XIII. féiert deen no him benannte Gregorianesche Kalenner an. Dobäi ginn zéng Deeg iwwersprongen. Op Donneschdes, 4. Oktober 1582 (Julianesch), koum direkt drop Freiden, de 15. Oktober 1582 (Gregorianesch).
- 1793: D'Marie Antoinette gëtt vum franséische Revolutiounsgeriicht zum Doud verurteelt.
- 1815: Den Napoleon Bonaparte kënnt op der Insel St. Helena un wou e bis zu sengem Doud am Exil muss liewen.
- 1879: Lëtzebuerg kritt säin éischte Code pénal.
- 1894: Ufank vun der Dreyfus-Affär: De franséischen Offizéier Alfred Dreyfus gëtt wéinst Spionage verhaft.
- 1940: Dem Charlie Chaplin säi Film The Great Dictator leeft un.
- 1963: De Konrad Adenauer gëtt seng Demissioun als Bundeskanzler.
- 1990: De Michail Gorbatschow kritt de Friddensnobelpräis.
- 2003: China schéisst d'Raumschëff Shenzhou 5 mat dem Taikonaut Yang Liwei an den All. Et ass domat dat drëtt Land op der Welt dat ee bemannte Weltraumfluch gemaach huet.
Wëssenschaft an TechnikÄnneren
AstronomieÄnneren
- 1861: De schweedeschen Astronom Per Magnus Herman Schultz entdeckt den Duebelstär NGC 18.
- 1884: De franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt d'Spiralgalaxis NGC 105.
SportÄnneren
- 1975: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wien, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 2:6 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nico Braun a Paul Philipp geschoss.[1]
- 2008: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[2]
- 2013: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Coimbra (Portugal), am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:3 géint Portugal.[3]
- 2018: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an der Stad an engem UEFA-Nations-League-Match 3:0 géint San Marino. Den David Turpel, den Danel Sinani, an de Vincent Thill hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss.[4]
GebuerÄnneren
- 70 v. Chr.: Publius Vergilius Maro, réimeschen Dichter.
- 1542: Akbar, Groussmogul vun Indien.
- 1608: Evangelista Torricelli, italieenesche Mathematiker a Physiker.
- 1701: Marie Marguerite d'Youville, kanadesch Uerdensschwëster.
- 1750: Pierre Maisonnet, lëtzebuergesche Moler.
- 1805: Eusebio Guilarte Vera, President vu Bolivien.
- 1829: Asaph Hall, US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.
- 1832: Friedrich Tietjen, däitschen Astronom.
- 1844: Friedrich Nietzsche, däitsche Philosoph.
- 1862: Joseph Faber, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 1897: Louise Welter, lëtzebuergesch Doktesch.
- 1908: John Kenneth Galbraith, US-amerikaneschen Ekonomist.
- 1911: Jean Davy, franséische Schauspiller.
- 1913: Émile Probst, lëtzebuergesche Kënschtler
- 1915: Jitzchak Schamir, israeelesche Politiker.
- 1920: Henri Verneuil (Achod Malakian), franséische Filmregisseur.
- 1920: Mario Puzo, US-amerikanesche Krimi-Schrëftsteller.
- 1926: Michel Foucault, franséische Philosoph.
- 1926: Evan Hunter, amerikanesche Schrëftsteller an Dréibuchauteur.
- 1926: Jean Peters, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1927: Gusty Back, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1928: Coryse Kieffer, lëtzebuergesch Molerin.
- 1930: Philippe Leroy, franséische Schauspiller.
- 1931: A. P. J. Abdul Kalam, indesche Wëssenschaftler a Staatspresident.
- 1936: Michel Aumont, franséische Schauspiller.
- 1942: Chris Andrews, brittesche Popsänger.
- 1942: Fernand Bauer, lëtzebuergesche Mathematiksprofesser.
- 1943: Penny Marshall, US-amerikanesch Filmregisseurin, -produzentin a -schauspillerin.
- 1944: Georgette Bisdorff, lëtzebuergesch Chronistin a Schrëftstellerin.
- 1955: Tanya Roberts, amerikanesch Schauspillerin.
- 1958: Carlo Jungbluth, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1970: Pernilla Wiberg, schweedesch Alpinschileeferin
- 1980: Tom Boonen, belsche Vëlossportler a Stroosseweltmeeschter 2005
- 1984: Sonia Gleis, lëtzebuergesch Molerin.
- 1987: Marie Sebag, franséisch Schachgroussmeeschterin.
- 1993: Kim Godart, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
GestuerwenÄnneren
- 1684: Alexander Wiltheim, Geeschtlechen, Auteur an Historiker.
- 1690: Adam Frans van der Meulen, flämesche Moler.
- 1855: Joseph-Louis André, lëtzebuergeschen Historiker a Politiker.
- 1862: Hans Daniel Hassenpflug, däitsche Jurist a Staatsmann.
- 1872: Louis Charles Rothermel, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 1907: Maurice Loewy, franséischen Astronom an Astrophysiker.
- 1910: Émile Mousel, lëtzebuergesche Béierbrauer a Politiker.
- 1917: Mata Hari, hollännesch Dänzerin a Spiounin am Éischte Weltkrich.
- 1936: Karl Friedrich Küstner, däitschen Astronom.
- 1945: Pierre Laval, franséische Politiker.
- 1964: Cole Porter, US-amerikanesche Komponist.
- 1960: Henny Porten, däitsch Schauspillerin.
- 1967: Marcel Aymé, franséische Schrëftsteller.
- 1985: Charles Reiffers, lëtzebuergesche Jurist.
- 1990: Delphine Seyrig, franséisch Schauspillerin.
- 1998: Colette Darfeuil, franséisch Schauspillerin.
- 2012: Claude Cheysson, franséische Politiker.
- 2012: Norodom Sihanouk, Kinnek vu Kambodscha.
- 2014: Marie Dubois, franséisch Schauspillerin.
- 2021: Gerd Ruge, däitsche Journalist.
Um SpaweckÄnneren
Commons: 15. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg de 15. Oktober 1975 op der Websäit vum European Football
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Moldawien op der Websäit vum European Football
- ↑ Football: Lëtzebuerg géint Portugal ouni Fortune op sport.rtl.lu
- ↑ Lëtzebuerg - San Marino op eu-football.info