De Jean-Pierre Hoscheid oder Jim Hoscheid, gebuer den 22. Juni 1912 zu Biissen a gestuerwen de 15. Mee 1988 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an der Positioun vum Golkipp, Olympionik a Foussballtrainer.[1]

Jean-Pierre Hoscheid
De Golkipp Hoscheid, lénks mam Ball am Grapp, 1935.
Gebuer 22. Juni 1912
Biissen
Gestuerwen 15. Mee 1988
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[2]

Tëscht dem 17. Mäerz 1935 am 14. Mee 1939 huet hie 27-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Tëscht dem 18. Juli 1948 am 26. Juni 1949 huet de Jim Hoscheid déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp trainéiert, déi an där Zäit 10 Matcher gespillt huet.[4] Hie war och den Haapttrainer vun der lëtzebuergescher Ekipp bei den Olympesche Summerspiller 1948 zu London.[5]

Hie war de Grousspapp vum Denis Scuto.[6]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Jean-Pierre Hoscheid op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Jean-Pierre Hoscheid op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Gearchiveerd op 2012-02-19. Gekuckt de(n) 2011-04-15.
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jim Hoscheid op der Websäit vun European Football
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp ënner dem Trainer Jim Hoscheid
  5. http://www.linguasport.com/futbol/internacional/olimpiadas/1948_LONDON_SQUADS.htm
  6. "100 Joer Stade Thillebierg." 100komma7.lu, 22. Mee 2022.