Camille Dimmer
De Camille Dimmer, gebuer den 20. Abrëll 1939 zu Klierf, ass e fréiere Foussballspiller, Politiker (CSV), Naturschützer an Ingenieur.

Ënne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot
Hie war Grënnungsmember vu Pro Familia a vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, där hire President hie vun 1982 bis 1997 war.
De SportlerÄnneren
Hien huet den 29. September 1957 säin éischte Match fir d'Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp géint Éisträich gespillt.
1963 huet hien zu Rotterdam am Match Holland - Lëtzebuerg, deen 1-2 ausgaange war, 2 Goler geschoss. an doduerch Lëtzebuerg an d'Véierelsfinall vun der Europameeschterschaft bruecht.
Tëscht dem 29. September 1957 an dem 29. Januar 1967 huet hien an 19 Matcher 8 Goler fir d'Foussballnationalekipp geschoss.[1]
An der Saison 1959-1960 war hie Reservespiller beim R.S.C. Anderlecht.
Vun 1960 bis 1966 huet hie fir den R.F.C. Crossing Molenbeek gespillt.[2]
De PolitikerÄnneren
No senger Carrière als Sportler ass de Camille Dimmer an d'Politik gaangen. Hie war vum 10. Oktober 1989 bis den 18. Juli 1994 CSV-Deputéierten an der Chamber. Vun 1990 bis 1995 war hie Generalsekretär vun der CSV.
Virgänger | Generalsekretär vun der CSV | Nofollger |
---|---|---|
Willy Bourg | 1990 - 1995 | Claude Wiseler |