Déi sougenannt FIFA/Coca-Cola-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Foussball a gëtt vum Weltverband FIFA gefouert. Si gouf am August 1993 fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.

Am Ranking ginn nëmme Matcher aus de leschten aacht Joer berécksiichtegt, fir e besseren Iwwerbléck iwwer déi aktuell Stäerkt ze garantéieren. D'Ranglëscht gëtt eemol de Mount aktualiséiert. Gewäert ginn déi bescht siwe Matcher vun der Hären-A-Nationalekippen am Laf vun engem Joer. D'Ranglëscht gläicht dem Elo-System aus dem Schach.

Aktuell Ranglëscht vun den Hären änneren

An der aktueller Ranglëscht (Stand: 14. Juni 2019) steet d'Belsch un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Frankräich a Brasilien.

Lëtzebuerg war am September 2018 op der 82. Plaz, déi bescht Positioun, op där se jee waren. Si ass zurzäit op der 90. Plaz mat 1265 Punkten.

Plaz Land Punkten
1. BEL  Belsch 1746
2. FRA  Frankräich 1718
3. BRA  Brasilien 1681
4. ENG  England 1652
5. POR  Portugal 1631
6. CRO  Kroatien 1625
7. ESP  Spuenien 1617
8. URU  Uruguay 1615
8. SUI  Schwäiz 1605
10. DNK  Dänemark 1589
...
90. LUX  Lëtzebuerg 1265
...
107.* FRO  Färöer 1200
...
139.* AND  Andorra 1082
...
181.* MLT  Malta 939
...
183.* LIE  Liechtenstein 922
...
198.* GIB  Gibraltar 893
...
211.*/** SMR  San Marino 839

Notten

  • * – en europäeschen "Zwergstaat", niewent Lëtzebuerg
  • ** – déi lescht Plaz

Aktuell Ranglëscht vun den Dammen änneren

Hei gëllt eng aner Punkteberechnung (Stand: 28. September 2018); dës Lëscht gëtt nëmmen eemol pro Quartal aktualiséiert.

Lëtzebuerg ass hei op der 109. Plaz mat 1125 Punkten.

Plaz Land Punkten
1.   USA 2114
2.   Däitschland 2060
3.   England 2034
4.   Frankräich 2033
5.   Kanada 2014
6.   Australien 2012
7.   Japan 1981
8.   Brasil 1985
9.   Schweden 1964
10.   Holland 1963
...
84.*   Färöer 1272
...
98.*   Malta 1190
...
109.   Lëtzebuerg 1125
...
144.*   Andorra 748
...
147.**   Mauritius 358

Notten:

  • * – en europäeschen "Zwergstaat", niewent Lëtzebuerg
  • ** – déi lescht Plaz

Um Spaweck änneren