Haaptmenü opmaachen

Olivier Thill

lëtzebuergesche Foussballspiller
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Olivier "Oli"[1] Thill, gebuer de 17. Dezember 1996 zu Nidderkuer‎ an der Gemeng Déifferdeng[2], ass e lëtzebuergesche Foussballspiller op der Mëttelfeldpositioun[3][4].

Olivier Thill
Rostov-Ufa18 (3).jpg
Gebuer 17. Dezember 1996
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Veräin/Equipe Progrès Nidderkuer
Famill
Papp Serge Thill
Mamm Nathalie Thill
Geschwëster Sébastien Thill, Vincent Thill, Marek Thill
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Vun 2015 bis 2018 huet den Thill fir den FC Progrès Nidderkuer gespillt[4]. Zanter 2018 spillt hie beim russeschen FK Ufa[5]. Ausser fir de Mikhail Zaritskiy, ass hien den éischte Lëtzebuerger am russesche Foussball[6]. Am Dezember 2018 huet den Thill säi éischte Gol fir Ufa geschoss[4].

Zanter dem 31. August 2017 spillt hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe[7][3].

Seng Bridder Sébastien Thill a Vincent Thill sinn och Foussballspiller. Säi Papp Serge Thill ass e Foussballtrainer an och fréiere Foussballspiller[3]. D'Mamm Nathalie Thill ass eng fréier Liichtathletin a Foussballspillerin[8]. Ausserhalb vum Sport huet den Olivier Thill zu Lëtzebuerg als Stagiaire an enger Schoul geschafft[9]. Hie schwätzt Sproochen déi geleefeg fir d'Lëtzebuerger sinn: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch an Italienesch, an och aktiv studéiert hien d'russesch Sprooch. Den "Oli" Thill dreemt dervun, fir Architekt no der Carrière als Foussballist ze ginn[6].

Um SpaweckÄnneren

Commons: Olivier Thill – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren