Carlo Weis

lëtzebuergesche Sportler


De Carlo Weis, gebuer de 4. Dezember 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Geschäftsmann, Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.[1]

Carlo Weis
Gebuer 4. Dezember 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Avenir Beggen,
C.A. Spora Lëtzebuerg,
C.A. Spora Lëtzebuerg,
FC Sporting Mäerzeg,
Avenir Beggen,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
Racing FC Union Lëtzebuerg

Tëscht dem 22. Mäerz 1978 an dem 31. Mee 1998 huet hie 87-mol[2] an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp gespillt. No anere Quellen[3] waren et 88 Matcher tëscht dem 28. Februar 1978 an dem 31. Mee 1998 déi de Carlo Weis fir d'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt huet.

Hien huet vun 1977 bis 1979 fir d'Spora Lëtzebuerg gespillt a war vun 1979 bis 1982 beim KFC Winterslag. An der Saision 1982/1983 huet hie fir de Stade Reims gespillt a vun 1983 bis 1988 nees fir d'Spora Lëtzebuerg, 1988/1989 war hie beim Thionville FC an du vun 1989 bis 1995 beim Avenir Beggen wou hien no zwee Joer beim FC Sporting Mertzig nees bis 2000 zeréckkomm ass.

An der Saison 1987/88 war hie Spillertrainer bei der Spora Lëtzebuerg an an der Saison 1995/1996 hat hien déi selwecht Funktioun beim FC Sporting Mertzig.

Vum 1. Juli 2000 bis de 24. September 2003 war de Carlo Weis Trainer beim F91 Diddeleng. An der Saison 2004/2005 hat hien déi selwecht Funktioun beim Swift Hesper an an der Saison 2007/2008 war hien Trainer bei der Alliance Äischdall Hobscheid-Eischen. Vun der Saison 2008/2009 u war hien Trainer vum CS Péiteng.[4] Déi Plaz huet hie Mëtt November 2011 opginn[5] fir vum Januar 2012 un Trainer beim RM Hamm Benfica ze ginn.[6] An der Saison 2014/15 ass et him als Trainer vun der US Rëmeleng gelongen, fir an der BGL Ligue ze bleiwen. Duerno ass hie bei d'Jeunesse Esch gewiesselt. No 19 Méint huet hien no enger 3:2-Néierlag bei sengem Ex-Veräi Rëmeleng demissionéiert.[7]

Referenzen änneren

  1. De Carlo Weis op der Websäit 'National Football Teams'
  2. Lëscht vun de Lännermatcher vum Carlo Weis op der Websäit www.rssf.com
  3. Lëscht vun de Lännermatcher vum Carlo Weis op der Websäit 'European Football'
  4. Dem Carlo Weis seng Karriär als Trainer op transfermarkt
  5. Carlo Weis als Trainer bei Péiteng demissionéiert
  6. "Football: Carlo Weis neien Trainer beim RM Hamm Benfica." RTL.lu - 29.11.2011, 06:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.11.2011, 07:31.
  7. Carlo Weis verlässt Jeunesse – Thomé soll kommen. L'essentiel auf Deutsch Gearchiveerd op 2020-03-19. Gekuckt de(n) 2020-03-09.