Luc Holtz

lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller

De Luc Holtz, gebuer de 14. Juni 1969 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller[1].

Luc Holtz
Gebuer 14. Juni 1969
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 176 Zentimeter
Gewiicht 71 kg
Veräin/Ekipp Red Boys Déifferdeng,
Avenir Beggen,
FC Etzella Ettelbréck,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
FC Etzella Ettelbréck,
FC Déifferdeng 03
Famill
Kanner Kevin Holtz

Tëscht dem 12. Oktober 1991 an dem 16. Oktober 2002 huet de Luc Holtz 55-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi ee Gol geschoss[2].

Hien huet vun 1990 bis 1992 bei de FA Red Boys Déifferdeng gespillt an ass du bei den Avenir Beggen gewiesselt wou hie bis 1999 bliwwen ass. Vun 1999 bis 2007 war hie beim FC Etzella Ettelbréck[3].

Vun 2003 bis 2008 war de Luc Holtz Trainer vum FC Etzella Ettelbréck (bis hien als aktive Foussballspiller opgehalen huet war hie Spillertrainer do). Vun 2008 bis den August 2010 war de Luc Holtz Trainer vun der lëtzebuergescher U21-Foussballnationalekipp. Vum 3. bis den 18. August war hien, nom Récktrëtt vum Guy Hellers, Interimstrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Den 18. August 2010 gouf hien dunn Trainer vun der lëtzebuergescher Nationalekipp an ass bis haut op dem Posten[4]. Ënner senger Leedung hunn d'"Roud Léiwen" dee gréisste Succès an hirer Geschicht[5]. D'Hallschent vun de Matcher déi d'"Roud Léiwen" je gewonn hunn, ginn op dem Holtz seng Kap; mam Holtz als Trainer huet Lëtzebuerg 20 offiziell Matcher gewonn (Stand: Oktober 2020), vun 1911 bis 2010 huet Lëtzebuerg am ganze just 21 Matcher gewonn.[6]

Säi Fils Kevin spillt och an der Foussballnationalekipp[7].

Referenzen änneren

  1. De Luc Holtz als Foussballspiller um Site Transfermarkt
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher (als Spiller) vum Luc Holtz op der Websäit vun European Football
  3. De Luc Holtz op der Websäit vun National Football Teams
  4. Dem Luc Holtz seng Carrière als Trainer op der Websäit transfermarkt
  5. https://www.sport-express.ru/football/nation-league/reviews/karlikovoe-chudo-zhdite-lyuksemburg-na-evro-2020-1457792/
  6. (fr) En 10 ans, le foot luxembourgeois aura bientôt plus gagné qu’en… un siècle op lequotidien.lu
  7. https://www.rtl.lu/sport/news/a/1356890.html