De Paul Feierstein, gebuer de 27. Januar 1903 zu Nidderkuer, a gestuerwen de 5. Mee 1963 zu Diddeleng, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik[1] an Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.

Paul Feierstein
Gebuer 27. Januar 1903
Nidderkuer
Gestuerwen 5. Mee 1963
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1924, Olympesch Summerspiller 1928

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam vertrueden.[2]

Hie war bei de Red Boys Déifferdeng ënner Vertrag.

Tëscht dem 11. Mee 1924 am 1. Mäerz 1931 huet de Paul Feierstein 15-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Tëscht dem 4. Juni 1933 am 6. Mee 1948 war hien Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp déi an där Zäit 63 Matcher gespillt huet[4] (15 Matcher gewonnen, 7 gläich gespillt an 41 verluer).

Kuckt och

änneren


Referenzen

änneren
  1. De Paul Feierstein op der Websäit vu sports-reference
  2. De Paul Feierstein op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert de(n) 11.02.2012. Gekuckt de(n) 15.05.2011.
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Paul Feiestein um Site Euopean Football
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Nationalekipp ënner dem Trainer Paul Feierstein