4. November
Datum
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
De 4. November ass den 308. Dag vum Joer (309. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1922: Den Howard Carter fënnt am Dall vun de Kinneke bei Luxor, an Egypten, dat bis dohin onbekannt Graf vum Pharao Tutanchamun.
- 1950: Zu Roum gëtt d'Europäesch Mënscherechtskonventioun ënnerschriwwen.
- 1956: Sowjetesch Truppe fänken un, den Ungaresche Volleksopstand bluddeg néierzeschloen.
- 1979: Iranesch Studente besetzen d'amerikanesch Ambassade zu Teheran a fuerderen d'Ausliwwerung vum Schah Mohammad Rezah Pahlavi, deen an d'USA fortgelaf war. D'Besetzung dauert bis den 20. Januar 1981.
- 1980: Bei den US-Presidentschaftswale gewënnt de republikaneschen Challenger Ronald Reagan géint den aktuelle President Jimmy Carter.
- 1995: Den israeelesche Premier Itzchak Rabbin gëtt zu Tel Aviv vun engem jiddeschen Extremist ëmbruecht.
- 2008: De Barack Obama (Democratic Party) gewënnt d'US-Presidentschaftswale géint den John McCain (Republican Party).
- 2016: Den Accord vu Paräis, Nofollger vum Kyoto-Protokoll, trëtt a Kraaft.
Lëtzebuerg
änneren- 1914: Den Institut Emile Metz (haut Lycée Technique Privé Emile Metz) mécht seng Dieren op.
- 1963: De Vizepresident vun den USA, de Lyndon B. Johnson, ass zu Lëtzebuerg op Staatsbesuch.
Sport
änneren- 1928: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Gent géint Belsch 1:1. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Pierre Bommertz geschoss.[1]
- 1934: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Déifferdeng 3:3 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Mart (2) an de Robert Geib geschoss.[2]
- 1951: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 3:0 géint Finnland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Tapio Pylkkonen (Selbstgol), Vic Nurenberg a François Muller geschoss.[3]
- 1973: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Vinicio Monacelli a Pierrot Langers geschoss.[4]
Gebuer
änneren- 1742: Jakob Friedrich Ehrhart, Schwäizer Botaniker.
- 1874: Charles Despiau, franséische Sculpteur.
- 1892: Jean-Pierre Stein, lëtzebuergeschen Enseignant.
- 1896: Michel Dechmann, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
- 1899: Nicolas Frantz, lëtzebuergesche Vëlossportler an zweefachen Tour-de-France-Gewënner.
- 1911: Joel Hurstfield, britteschen Historiker.
- 1913: Norbert Etringer, lëtzebuergeschen Douanier, Lokalhistoriker an Auteur.
- 1918: Renée Faure, franséisch Schauspillerin.
- 1918: Cameron Mitchell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1919: Anne Peter Schilperoort, hollänneschen Jazzmuseker an Orchesterchef.
- 1923: Harry Valérien, däitsche Sportjournalist an Auteur.
- 1925: Leopoldo Elia, italieenesche Riichter a Politiker.
- 1933: Chukwuemeka Odumegwu Ojukwu, biafranesch-nigerianesche Militär a Politiker.
- 1940: Cristina Gaioni, italieenesch Schauspillerin.
- 1940: Marlène Jobert, franséisch Schauspillerin.
- 1946: Robert Mapplethorpe, amerikanesche Fotograf.
- 1948: Amadou Toumani Touré, Politiker a Staatschef aus dem Mali.
- 1951: Traian Băsescu, rumänesche Politiker.
- 1955: Matti Vanhanen, finnesche Politiker.
- 1957: Tony Abbott, australesche Politiker.
- 1963: Marc Thomé, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 1965: Misch Bervard, lëtzebuergesche Monteur a Regisseur.
- 1972: Luís Figo, portugisesche Foussballspiller.
- 1985: Marcell Jansen, däitsche Foussballspiller.
- 1986: Alexz Johnson, kanadesch Schauspillerin.
Gestuerwen
änneren- 1847: Felix Mendelssohn Bartholdy, däitsche Komponist.
- 1884: Édouard d'Huart, belsche Politiker.
- 1924: Gabriel Fauré, franséische Komponist.
- 1928: Mathias Esch, lëtzebuergesche Literaturkritiker a Schrëftsteller.
- 1945: George Willis Ritchey, US-amerikaneschen Optiker, Astronom an Teleskopebauer.
- 1949: Eugène Bisenius, lëtzebuergesche Chimiesprofesser an Naturwëssenschaftler.
- 1963: Henri Lehnen, lëtzebuergesche Gewiichtshiewer an Olympionik.
- 1971: Joseph Witry, lëtzebuergesche Lepidopterolog a Botaniker.
- 1976: Massimo Dallamano, italieenesche Kameramann, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1980: Albert Cremmer, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1982: Alicia Penalba, Sculptrice.
- 1982: Jacques Tati, franséische Filmregisseur a -schauspiller.
- 1987: Guill Schmitz, lëtzebuergesche Sänger a Moler.
- 1990: Henry Cravatte, lëtzebuergesche Politiker.
- 1992: Isabelle Oberweis, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 1998: Emmanuel Bulz, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 1999: René Mailliet, lëtzebuergeschen Architekt.
- 2008: Michael Crichton, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 2013: Hans von Borsody, däitsche Schauspiller.
- 2015: René Girard, franséische Kulturanthropolog a Reliounsphilosoph.
- 2020: Camille Studer, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
- 2021: Michel Braun, lëtzebuergesche Schéisser.
- 2024: Jim Penning, lëtzebuergeschen Affekot an Auteur.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 4. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Egypten den 28. Juni 1928 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 4. November 1934 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 4. November 1951 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen de 4. November 1973 op der Websäit vun European Football