Danel Sinani

lëtzebuergesche Foussballspiller
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Danel Sinani, gebuer de 5. Abrëll 1997 zu Belgrad a Serbien, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller (Mëttelfeld)[1][2] mat kosovareschen Originnen[3].

Danel Sinani
Gebuer 5. Abrëll 1997
Belgrad
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 1,85 m
Veräin/Ekipp Racing FC Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
F91 Diddeleng,
Norwich City FC

Vun 2015 bis 2017 huet de Sinani fir de Racing FC Union Lëtzebuerg gespillt. Zanter Juli 2017 spillt hie fir den F91 Diddeleng[2].

Zanter dem 3. September 2017 spillt hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp[1],[4].

Hien ass de jonke Brudder vum Foussballspiller Dejvid Sinani[1], deen och zu Belgrad gebuer ass. Am Alter vu 5 Joer ass den Danel Sinani mat senger Famill op Lëtzebuerg geplënnert. Trotz den Originne schwätzt hie keen Albanesch[3].

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 https://www.transfermarkt.com/danel-sinani/nationalmannschaft/spieler/346499
  2. 2,0 2,1 http://fr.soccerway.com/players/danel-sinani/411065/
  3. 3,0 3,1 http://sportekspres.com/historia-e-danel-sinanit-djalit-nga-sharri-qe-nuk-eshte-shqiptar/
  4. Lëscht vun de Lännermatcher vum Danel Sinani op eu-football.info