Louis Pilot
De Louis Pilot, gebuer den 11. November 1940 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 16. Abrëll 2016 zu Senneng[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[2]
Louis Pilot | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
11. November 1940 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
16. Abrëll 2016 Senneng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
Veräin/Ekipp |
Fola Esch, Royal Standard de Liège, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
De Louis Pilot huet seng Carrière als Foussballspiller 1957 bei der CS Fola Esch ugefaange wou hie bis 1960 bliwwen ass wéi hie bei de Standard Léck gewiesselt huet wou hie Profi-Foussballspiller gouf. Hien ass bis 1972 bei dem Veräi bliwwen a war duerno vun 1972 bis 1975 beim Royal FC Antwerpen ier hie beim Racing Jet Bréissel vun 1975 bis 1978 seng lescht Matcher gespillt huet.[3]
Tëscht dem 11. November 1959 an dem 26. Mee 1977 huet de Louis Pilot 50-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 7 Goler geschoss.[4]
De Louis Pilot gouf 2004 vun der FLF, am Kader vum UEFA-Cinquantenaire, als beschte lëtzebuergesche Foussballspiller vun de leschte 50 Joer gewielt a koum domat op d'Lëscht vun den 52 UEFA Golden Players.
No senger Carrière als Foussballspiller war de Louis Pilot Foussballtrainer. Vum 7. Oktober 1978 bis den 9. Juni 1984 war hien Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp, déi an där Zäit 38 offiziell Matcher gespillt huet.[5] Duerno vun 1984 bis 1985 war hie beim Standard Léck, vun 1985 bis 1998 beim FC Etzella Ettelbréck vu wou hie bei den Avenir Beggen gaangen ass, wou hie bis 1990 bliwwen ass. 1990 huet hien nach bis zum Schluss vum Joer d'Etzella Ettelbréck trainéiert.[6]

Ënne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Charles Sowa | 1968 - 1969 | Nicolas Koob |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Louis Pilot est décédé op wort.lu de 16. Abrëll 2016
- ↑ De Louis Pilot um Site 'National Foottball Teams'
- ↑ Dem Louis Pilot seng Carrière als Spiller op der Websäit transfermarkt
- ↑ d'Lëscht vun de Lännermatcher vum Louis Pilot op 'European Football'
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Nationalekipp mam Louis Pilot als Trainer op der Websäit vun European Football
- ↑ Dem Louis Pilot seng Carrière als Foussballtrainer op der Websäit transfermarkt