Alphonse Weicker

Den Alphonse Weicker, gebuer de 14. Januar 1891[1] zu Sandweiler, an do gestuerwen den 12. Februar 1973[2] war e lëtzebuergesche Banquier an Ex-Foussballspiller.

Alphonse Weicker
Gebuer 14. Januar 1891
Sandweiler
Gestuerwen 12. Februar 1973
Sandweiler
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Affekot, Ekonomist
Famill
Papp Jean-Baptiste Weicker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Säi Papp war de Politiker an Agronom Jean-Baptiste Weicker.

CarrièreÄnneren

1919 war hie mam Léandre Lacroix Matgrënner vun der Banque générale du Luxembourg (BGL). Vun 1919 bis 1969 war hien Administrateur délégué a vun 1969 bis 1971 Administrateur vun der BGL.

Vun 1950 bis 1958 war hie President vum Cercle artistique de Luxembourg, a vun 1953 bis 1966 President vun der FEDIL.

Fir un hien z'erënneren dréit eng Stëftung vun der BGL säin Numm, an um Kierchbierg krut de 14. Oktober 1974 eng Strooss den Numm Rue Alphonse Weicker, deen 2017 och op en Arrêt vun der Tramslinn T1 iwwerdroe gouf.

Aktivitéit am SportÄnneren

Hie stoung den 29. Oktober 1911 fir déi éischt Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp am Gol.[3]

GielercherÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Beck, F., 2011. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad, 97 (2011), S. 64 (rue Alphonse Weicker). [1]
  • Reuter, A., 2003. Alphonse Weicker (1891-1973). In: 400 Joer Kolléisch, Vol. 2: L'Athénée et ses grands anciens. Luxembourg, S. 373.

Kuckt ochÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Beck, F., 2011. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad, 97 (2011), S. 64 (rue Alphonse Weicker).
  2. Doudesannonce vum Alphonse Weicker am Lëtzebuerger Land vum 16. Februar 1973
  3. d'Lëscht vun de Lännermatcher vum Alphonse Weicker op der Websäit vun European Football
  4. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960