Haaptmenü opmaachen

De Ben Payal, gebuer den 8. September 1988, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Ben Payal
Ben Payal 2019-09-01.jpg
Gebuer 8. September 1988
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Gréisst 183 Zentimeter
Veräin Jeunesse Esch, F91 Diddeleng, Fola Esch, Lëtzebuergesch Foussballnationalequipe, FC UNA Stroossen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Aus der Jugend vum FC Luerenzweiler ass hie mat 15 Joer an d'Jugend vun der Jeunesse Esch gewiesselt. Um 5. Spilldag vun der Saison 2005/06 koum hie bei der 0:1-Victoire[2] beim RFCU Lëtzebuerg zu sengem éischten Asaz an der Nationaldivisioun. 2007 ass hie bei den F91 Diddeleng gewiesselt, wou hie véiermol de Championstitel an zweemol de Coupegewënn konnt feieren.

2013 ass hie bei den CS Fola Esch gewiesselt a konnt an der Saison 2014/15 ee weidere Championstitel sammelen.[3] Zanter der Saison 2016/17 spillt de Ben Payal fir den FC UNA Stroossen.

Vum 6. September 2006 bis den 29. Mäerz 2016 huet hien 73 Lännermatcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt.[4]

ReferenzenÄnneren