Olympesch Spiller

Sportsevenement dat all véier Joer ausgedroe gëtt
(Virugeleet vu(n) Olympesch Summerspiller)

D'Olympesch Spiller sinn e grousst Sportsevenement, vun deem prinzipiell all zwee Joer eng Editioun ausgedroe gëtt. D'Summer- a Wanterspiller si jeeweils versat all véier Joer[1], sou datt all zwee Joer eng Editioun vun den Olympesch Spiller organiséiert gëtt.

Olympesche Fändel mat de fënnef Réng; fir d'éischt bei den Olympesche Spiller 1920 zu Antwerpen benotzt
D'Lëtzebuerger Liichtathleeten 1960 um Wee op Roum, vu l. no r.: Ramon Humbert, Norbert Haupert, Jean Aniset, Félix Heintz, Boy Bofferding, L.Faber a Charles Sowa.

Déi eenzel Olympesch Summerspiller kréien d'laténgesch Zuel vun der Olympiad (Olympiad = Period vu véier Joer). D'Spiller vun der VI. Olympiad goufen 1916 wéinst dem Éischte Weltkrich net ausgedroen. Bedéngt duerch den Zweete Weltkrich goufen 1940 d'Spiller vun der XII. Olympiad an 1944 déi vun der XIII. Olympiad och net ausgedroen. D'Spiller vun der XXXII. Olympiad, déi fir 2020 virgesi waren, goufen wéinst der weltwäiter COVID-19-Pandemie an d'Joer 2021 verluecht.

Bei den eenzelen Olympesche Wanterspiller gëtt déi laténgesch Zuel vun der Oplo geholl. Olympesch Wanterspiller déi net ausgedroe ginn - wéi et 1940 an 1944 de Fall war - kréien och keng Zuel. No de IV. Olympesche Wanterspiller am Joer 1936 koumen deemno 1948 déi V. Olympesch Wanterspiller.

Olympesch Summerspiller änneren

Olympiad Saison / Joer Land Plaz Bemierkung
I. Olympesch Summerspiller 1896   Griicheland Athen
II. Olympesch Summerspiller 1900   Frankräich Paräis
III. Olympesch Summerspiller 1904   USA Saint-Louis
IV. Olympesch Summerspiller 1908   Vereenegt Kinnekräich London
V. Olympesch Summerspiller 1912   Schweden Stockholm
VI. Olympesch Summerspiller 1916   Däitscht Räich Berlin ausgefall
VII. Olympesch Summerspiller 1920   Belsch Antwerpen
VIII. Olympesch Summerspiller 1924   Frankräich Paräis
IX. Olympesch Summerspiller 1928   Holland Amsterdam
X. Olympesch Summerspiller 1932   USA Los Angeles
XI. Olympesch Summerspiller 1936   Däitscht Räich Berlin
XII. Olympesch Summerspiller 1940 ausgefall
XIII. Olympesch Summerspiller 1944   Vereenegt Kinnekräich London ausgefall
XIV. Olympesch Summerspiller 1948   Vereenegt Kinnekräich London
XV. Olympesch Summerspiller 1952   Finnland Helsinki
XVI. Olympesch Summerspiller 1956   Australien Melbourne
XVI. Olympesch Summerspiller 1956   Schweden Stockholm
XVII. Olympesch Summerspiller 1960   Italien Roum
XVIII. Olympesch Summerspiller 1964   Japan Tokio
XIX. Olympesch Summerspiller 1968   Mexiko Mexiko-Stad
XX. Olympesch Summerspiller 1972   Däitschland München
XXI. Olympesch Summerspiller 1976   Kanada Montréal
XXII. Olympesch Summerspiller 1980   Sowjetunioun Moskau
XXIII. Olympesch Summerspiller 1984   USA Los Angeles
XXIV. Olympesch Summerspiller 1988   Südkorea Seoul
XXV. Olympesch Summerspiller 1992   Spuenien Barcelona
XXVI. Olympesch Summerspiller 1996   USA Atlanta
XXVII. Olympesch Summerspiller 2000   Australien Sydney
XXVIII. Olympesch Summerspiller 2004   Griicheland Athen
XXIX. Olympesch Summerspiller 2008   China Peking
XXX. Olympesch Summerspiller 2012   Vereenegt Kinnekräich London
XXXI. Olympesch Summerspiller 2016   Brasilien Rio de Janeiro
XXXII. Olympesch Summerspiller 2020   Japan Tokio
XXXIII. Olympesch Summerspiller 2024   Frankräich Paräis
XXXIV. Olympesch Summerspiller 2028   USA Los Angeles
XXXV. Olympesch Summerspiller 2032   Australien Brisbane

Olympesch Wanterspiller änneren

Nr. Saison / Joer Land Plaz Bemierkung
I. Olympesch Wanterspiller 1924   Frankräich Chamonix
II. Olympesch Wanterspiller 1928 CHE  Schwäiz Sankt Moritz
III. Olympesch Wanterspiller 1932   USA Lake Placid
IV. Olympesch Wanterspiller 1936   Däitscht Räich Garmisch-Partenkirchen
- Olympesch Wanterspiller 1940 ausgefall
- Olympesch Wanterspiller 1944   Italien Cortina d'Ampezzo ausgefall
V. Olympesch Wanterspiller 1948 CHE  Schwäiz Sankt Moritz
VI. Olympesch Wanterspiller 1952   Norwegen Oslo
VII. Olympesch Wanterspiller 1956   Italien Cortina d'Ampezzo
VIII. Olympesch Wanterspiller 1960   USA Squaw Valley
IX. Olympesch Wanterspiller 1964   Éisträich Innsbruck
X. Olympesch Wanterspiller 1968   Frankräich Grenobel
XI. Olympesch Wanterspiller 1972   Japan Sapporo
XII. Olympesch Wanterspiller 1976   Éisträich Innsbruck
XIII. Olympesch Wanterspiller 1980   USA Lake Placid
XIV. Olympesch Wanterspiller 1984   Jugoslawien Sarajevo
XV. Olympesch Wanterspiller 1988   Kanada Calgary
XVI. Olympesch Wanterspiller 1992   Frankräich Albertville
XVII. Olympesch Wanterspiller 1994   Norwegen Lillehammer
XVIII. Olympesch Wanterspiller 1998   Japan Nagano
XIX. Olympesch Wanterspiller 2002   USA Salt Lake City
XX. Olympesch Wanterspiller 2006   Italien Turin
XXI. Olympesch Wanterspiller 2010   Kanada Vancouver
XXII. Olympesch Wanterspiller 2014   Russland Sotschi
XXIII. Olympesch Wanterspiller 2018   Südkorea Pyeongchang
XXIV. Olympesch Wanterspiller 2022   China Peking
XXV. Olympesch Wanterspiller 2026   Italien Mailand-Cortina

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Olympesch Spiller – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. zënter de Wanterspiller 1994